StatecWéi geet et de Mënschen zu Lëtzebuerg?

RTL Lëtzebuerg
Dat ass eng Fro, op déi de Statec mam LIW, dem Luxembourg Index of Well-Being, eng Äntwert wëll ginn.

E besteet aus objektive Critèren a gëtt als Complement zu den traditionellen Indicateure gesinn, mat deenen de Räichtum vun engem Land gemooss gëtt. Dat heescht de PIB, also de Bruttosozialproduit an de Revenu national Brut.

Dëst Joer läit de Fokus natierlech nach emol op der Pandemie.

Den objektive Critèren no ass d’Wuelbefanne vun de Leit zu Lëtzebuerg 2020 am Groussen a Ganzen net zeréckgaangen.

Allerdéngs gesäit ee Changementer, wann een déi verschidde Critèrë méi am Detail kuckt, déi gemooss ginn, fir den Indicateur vum Wuelbefannen ze definéieren.

Den Dokter Serge Alegrezza, den Direkter vum Statec.

“Um Niveau vun de Stéit hu mer e Réckgang vun der physescher Sécherheet. Déi sozial Lienë sinn zeréckgaangen, eng Baisse gouf et och bei de Critèrë vun der Educatioun an der Kompetenz, well d’Weiderbildunge konnten am Ufank oder iwwer eng laang Zäit net esou gehale ginn. Och d’Immigratioun, wou mer wëssen, datt ganz vill Leit op Lëtzebuerg kommen mat engem héijen Diplom, déi war och gebremst ginn, esou, datt mer eis och do net positiv entwéckelt hunn.”

De Logement ass weider e Problem bliwwen, well d’Käschte fir d’Stéit weider eropgaange sinn an d’Beschäftegung ass gebremst ginn.

All dës Aspekter goufen awer duerch aner Critèren kompenséiert. Ugefaangen mat der Ëmwelt, déi vun der Baisse vum Trafic profitéiert huet.

“Da gouf et duerch den Home Office och e besseren Equiliber tëschent dem Beruffsliewen an deem Privaten.”

De Statec analyséiert awer och dat subjektiivt Wuelbefanne vun de Leit a stellt fest, datt de Räichtum vun engem Land net onbedéngt Hand an Hand geet mam Bien-être vun de Residenten:

“Do gesäit een, datt och an enger räicher Gesellschaft, Leit do sinn, déi méi schlecht ewechkommen, déi Ängschten hunn, déi sech Suerge maachen iwwert d’Entwécklung vun der Zukunft, iwwert d’Entwécklung vun der Gesellschaft an der Wirtschaft. Och an enger räicher Gesellschaft kënne mer eng ganz Partie Leit hunn, deenen et net esou gutt geet oder déi dat op d’mannst esou aschätzen.”

Tëschent dem Januar zejoert an dem Summer huet awer och dat subjektiivt Wuelbefanne sech erëm verbessert. Dat läit dem Statec no un den Impfungen, um Infektiounstaux, deen deen Ament erofgaangen ass, der ekonomescher Aktivitéit an dem soziale Liewen, déi sech am Summer zejoert erëm ze soen normaliséiert haten.

2019 waren d’CO2 Emissiounen vun de Stéit zu Lëtzebuerg quasi genee esou héich, wéi déi aus dem Secteur vun der Lëtzebuerger Industrie.

“Et ass eng aner Approche. Zum Beispill an där klassescher ginn zum Beispill d’Co2-Ausstéiss vun der Aviatioun ausgeschloss an an eiser Approche gëtt se mat integréiert. Dat heescht, et ass eng aner Vue, mä et sinn ëmmer déi selwecht Zuelen. Et sinn zum Beispill déi selwecht, déi am PNEC gebraucht ginn, fir d’Ziler vum Klimawandel ze suivéieren. Hei ginn d’Zuelen aus der Perspektiv vun den eenzelen Acteurë beschriwwen an do gesäit een zum Beispill, dass d’Stéit iwwert déi lescht Jore relativ staark hir CO2-Emissiounen ofgebaut hunn. “

Tëschent 2010 an 2019 ass d’Consommatioun vun den erneierbaren Energien ëm 90 Prozent geklomm an d’Co2-Emissiounen vun de Privatstéit si bal ëm en Drëttel zeréckgaangen.

Back to Top
CIM LOGO