Den Entrepreneur misst kreativ sinn, seet de President vun der Luxembourg Retail Federation am Interview mat RTL. D’Parkinge wären e Samschdeg de Mëtteg an der Stad voll gewiescht, dat géif weisen, et wiere Leit do. De Robert Goeres betount awer och, datt verschidde Secteuren et méi schwéier kréiche wéi anerer. Vun der Immobiliëkris beispillsweis wieren och d’Miwwelbutteker betraff, awer versat. “Déi kommen 1-2 Joer méi spéit. Do hänken e ganze Koup Betriber am Eenzelhandel oder och am Artisanat drun, déi méi spéit drënner leiden”.
D’Luxembourg Retail Federation gouf am November 2022 gegrënnt. Membere sinn ënner anerem d’Geschäftsverbänn vun der Stad Lëtzebuerg an der Stad Esch, grouss Akafszentren, gréisser a méi kleng Enseignen. Och wann der vill eege Federatiounen hätten, wéi den Ameublement, d’Grossisten, d’Moud beispillsweis, esou hätt een awer iwwergräifend déi selwecht Defien, déi een zesumme wéilt ugoen. Ausserdeem wéilt ee sech pluridisziplinär austauschen, erkläert de Robert Goeres.
Och de Personalmangel gehéiert zu den Defien. Fir dësem entgéintzewierken, misst een d’Beruffer am Eenzelhandel attraktiv maachen. Et wäre Beruffer, wou ee keng spezifesch Basis-Formatioun bräicht a sech och als Quereinsteiger kéint eropschaffen.
E weideren Defi ass d’Konkurrenz vum Online-Handel. Dëse wär schwéier ze chiffréieren. Den Online-Handel wär awer och e weidere Bestanddeel vum Commerce, dee virop de Stadzentre géif Konkurrenz maachen.
“Fir mech ass e Pop-up-Store net eng Solutioun in fine”, seet de Robert Goeres, dee selwer eng Rei Butteker an der Uewerstad bedreift. D’Konzept vun de Pop-up-Store géif de Leit d’Opportunitéit ginn, fir eppes auszeprobéieren iwwer eng definéiert Dauer. Et wier awer ganz gutt, datt eng Stad Lëtzebuerg, Esch an och Iechternach sech géife Gedanke maachen iwwer d’Attraktivitéit.
An der Stad Lëtzebuerg wär de Leerstand manner héich wéi am nationale Verglach. Datt d’Stad Esch elo mat enger Leerstandstax géint Proprietäre wëll virgoen, déi hir Geschäftslokaler vum Marché zréckhalen, begréisst de Robert Goeres. “Ech fannen dat eng gutt Initiativ, well ee jo weess, datt de Commerce d’Longen aus enger Stad oder Gemeng sinn, datt se zur Attraktivitéit gehéieren. Mir waarden elo natierlech drop, wat d’Resultater sinn”.