Liewe rettenWéi gesäit d'Ausbildung vun de Fräschmänner aus?

Philippe Dondelinger
Annerhalleft Joer laang hu mir déi zukünfteg Fräschmänner op hirer Ausbildung begleet.
Wéi gesäit d'Ausbildung vun de Fräschmänner aus?
Annerhalleft Joer laang hu mir déi zukünfteg Fräschmänner op hirer Ausbildung begleet.

Vum Schwammen iwwer Waasser, bis bei d'Tauchen war alles mat dobäi. Mä wéi gesäit et aus, wann déi éischt am däischtere Stauséi tauche mussen?

Kënnen déi 2 éischt Meedercher, déi dës Ausbildung probéiert hunn, mat de Männer mathalen? D'Ekipp war zu Metz an huet an engem Niewenaarm vun der Musel an der Stréimung geüübt.

Wéi liesen ech eng Stréimung, wéi muss ech mech uleeën, fir se ze notzen an net géint se unzetrieden? Alles Froen an Exercicer, op déi d'Rettungsleit eng Äntwert kruten.

Wa Persounen ënner Waasser gesicht ginn, geet et ëm all Sekonn. Wei leeën déi Eenzel sech un, geléngt et hinnen, dat ze realiséieren, wat d’Instruktere vun hinne verlaangen?

Vun deene 66 Fräiwëllege bleiwen der zum Schluss nëmmen nach an déi 20 iwwreg. Rettungstaucher ass a bleift een Job, fir deen ee muss gemaach sinn.

Back to Top
CIM LOGO