Eis Baueren, no bei eis!Wéi gesäit et haut aus?

RTL Lëtzebuerg
E klengen Iwwerbléck iwwert déi aktuell Situatioun vun der Landwiertschaft an en Interview "Back to the roots.." mam Yves Diederich.

D’Situatioun vun der Landwiertschaft hei zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg ass weltwäit bekannt duerch seng Aktivitéiten am Finanzsekteur a spezialiséiert sech ëmmer weider an anere Beräicher wéi der Informatiouns- a Kommunikatiounstechnik. Lëtzebuerg verbënnt awer och de Lien mat der Landwiertschaft well ëmmerhin ginn 130 650 Hektar, also gutt d’Halschent vum Land als Landwiertschaft, Gaarden- a Wäinbau genotzt.

D’Landwiertschaft huet sech an de vergaangene Joeren staark geännert. D’Zuel vun de Betriber an de Beschäftegten ass erofgaangen, d’Quantitéit déi produzéiert gëtt par conter, ass awer eropgaangen.

D’Erklärung vun dësem Widdersproch ass: Déi Betriber, déi bestoe bliwwe sinn, si méi grouss a méi leeschtungsfäeg ginn a wiertschaftlech vill méi effizient. Trotz dëser Entwécklung, ass déi lëtzebuergesch Landwiertschaft nach ëmmer vu Familljebetriber geprägt.

Firwat geet d’Zuel vun de landwiertschaftleche Betriber zeréck?

An de 60er Joeren war d’Landwiertschaft nach immens manuell an haaptsächlech duerch méi kleng Betriber representéiert. Am Joer 1965 goufen et zu Lëtzebuerg nach 9150 Agrarbetriber mat méi 2ha Notzungsfläch. 1975 waren et ronn 11500 Leit déi an der Landwiertschaft geschafft hunn.

Am Laf vun de Joeren hunn d’Takteren, d’Méidrächeren, Mëllechmaschinnen d’Bild vun der Landwiertschaft staark verännert.

D’Bauere hate beemol d’Méiglechkeet méi Flächen ze bebauen a méi grouss Déierebestänn opzehuelen.

Dës Changementer brénge mat sech datt d’Landwiertschaft elo och e kaptialintensivt Geschäft ass. Déi verschidde Chute vun de Präisser, de finanziellen Opwand an de Besoin u méi grousse Flächen, sinn e puer Grënn wisou verschidde Baueren net méi mathale konnten.

Am Interview um Radio - Eis Baueren, no bei eis : back to the roots

Wee Bauer wëll ginn, muss aus enger Bauerefamill kommen, heescht et. Soss wier et quasi onméiglech un d'Lännereien ze kommen. Genee do louch dem Yves Diederich seng Chance.

Wéi seng Elteren 1983 mam Bauerebetrib opgehalen haten, hu si d'Lännereie just verpacht. Wéi wa se gewousst hätten, dass hire Bouf Jorzéngte méi spéit de Familljeberuff wéilt ergräifen.

Obwuel, e bëssen anescht ass dem Yves seng Aktivitéit schonn... 

01/07/2019 Eis Baueren, no bei eis: back to the roots

Back to Top
CIM LOGO