E Sonneg de Moien ht de Maarteverband op seng Generalversammlung invitéiert. E Verband, deen nëmmen déi Betriber vertrëtt, déi op de Wochemäert present sinn.
Aktuell zielt de Lëtzebuerger Maarteverband tëschent 40 a 50 Memberen. Diskutéiert gouf e Sonndeg iwwert d'Chantieren an och d'Parkplazen an der Stad. Dat mat der Konklusioun, dass wuel genuch Parkplazen zur Verfügung stinn, d'Leit allerdéngs dacks net gewëllt sinn, e puer Meter méi wäit ewech vum Maart ze parken.
Doniewent gouf en Appell un d'Membere gemaach, hire Betrib um Internetsite www.maart.lu ze presentéieren.
Am Kontext vun der Assemblée générale vun der Asbl Lëtzebuerger Maarteverband huet RTL bei den Händler a Produzenten, déi op de Wochemäert aktiv sinn, nogefrot, wéi et hautdesdaags ëm hir Aarbecht steet:
Wat sinn d'Vir- an d'Nodeeler, jee nodeem, ob ee seng eege Wuer verkeeft oder am Ausland akeeft an dann hei weider verkeeft? Wat bedeit et, Produzent ze sinn a selwer all Dag um Maart ze stoen? Zéien d'Liewensmëttelmäert zu Lëtzebuerg ëmmer nach vill Clienten un?
Um Wochemaart um Knuedler an der Stad gouf et Äntwerten op dës Froen.