H5N1Wéi grouss ass d'Gefor vun enger neier Pandemie vun der Vullegripp?

Annick Goerens
Caroline Mart
Ënnert US-amerikaneschen Kéi verbreet sech den Ament d’Vullegripp. Iwwer 100 Ställ an op d’mannst 12 Bundesstaate si concernéiert.
Wéi grouss ass d'Gefor vun enger neier Pandemie vun der Vullegripp?
Ënnert US-amerikaneschen Kéi verbreet sech den Ament nämlech d’Vullegripp. Iwwer 100 Ställ an op d’mannst 12 Bundesstaate si concernéiert.

Vire wéi den H5N1 gëllen an der Wëssenschaft als déi Zort, déi dat gréisst Potential hunn, déi nächst Pandemie ze verursaachen. D’Annick Goerens huet fir eis beim Direkter vun der Santé nogefrot

Et ass keen neie Virus. An de leschten 20 Joer goufen et schonn eng Rei Infektioune mam H5N1, dat och bei Mënschen, erkläert den Dr Jean-Claude Schmit:

“Et ass e Virus, deen awer elo genetesch changéiert huet, dee mutéiert huet an dee sech elo méi einfach iwwerdréit vun de Vullen op “Mammifèren”, also Mamendéieren, wou de Mënsch och derzou gehéiert. Dat heescht et gëtt ageschat, dass de Risiko, fir dass de Mënsch infizéiert gëtt, elo eropgeet. An dass de Virus dofir méi geféierlech ass.”

An de leschte Jore goufen et Infektioune bei ënner anerem Kazen a Fiiss. Zanter Mäerz dëst Joer awer och bei Mëllechkéi. Wei genee déi éischt Kou sech infizéiert huet, ass net gewosst. Mee mëttlerweil ass kloer, dass d’Kéi et ënnerteneen iwwer hiren Auder verbreede, also via d’Geschier, wa se gestrach ginn. Mee wéi et sech tëscht den eenzelen Häff verdeelt, ass och net kloer.

“Do si méiglech nei Iwwerdroungsweeër. De Grippe-Virus ass jo klassescherweis ee respiratoresche Virus, deen duerch d’Ootmung weidergeet. Hei schéngen eventuell aner Weeër en cause ze sinn. Wat natierlech dann nach mécht, dass ee méi virsiichteg muss si fir d’Zukunft an déi Saach genau observéieren”

D’Opmierksamkeet, déi esou ee Virus haut erreecht, ass sécher méi grouss wéi an der Vergaangenheet, virun der Pandemie, sou de Jean-Claude Schmit. Et wier een am Grand-Duché och besser opgestallt punkto Diagnostik. Do géing d’Santé mam Staatslabo zesummeschaffen, fir dass den néidegen Test och prett ass. Punkto Preventioun géingen all krank Deiere vun der Veterinärsinspektioun ënnersicht ginn. Reegelméisseg géinge bei grousse Vulle wéi Inte gekuckt ginn, ob se Porteur vun dem Virus sinn. An donieft wier natierlech d’Iwwerleeung, fir een entspriechenden Grippe-Vaccin ze produzéieren. Et wier och schonn een éischte Vaccin disponibel, falls et zu enger Epidemie géing kommen, erkläert den Direkter vun der Santé.

Souwuel den ECDC, also déi Europäeschen Agence vun den Infektiounskrankheeten, wéi och d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO géingen d’Situatioun am A behalen an och bal all Dag ee Rapport schécken.
Wei ass Lëtzebuerg dann um gesetzlechen Niveau preparéiert? Wou ass d’Pandemiegesetz drun?

“Et ass eng politesch Fro. Mir brauchen natierlech een Text, fir esou Situatiounen ze reglementéieren. Mir brauchen am Allgemengen een Text, fir d’Santé publique ze reglementéieren, well d’Pandemie ass jo eigentlech just d’Exceptioun zu enger normaler Situatioun. A souwäit ech verstanen hunn, ass dat de Wee, deen d’Regierung geet, fir ee Santé publique-Gesetz ze maachen, wou ee Volet Pandemie dran ass.”

Wei laang et nach dauert, bis no bal dräi Joer Corona-Pandemie endlech e Gesetz um Dësch ass, steet nach an de Stären.

Back to Top
CIM LOGO