120 Mëllechkéi huet de Jeannot Wilwert, mat de jonke Béischte sinn et der 260. Zanter 23 Joer ass hien am Betrib, an huet den Androck, dass et ëmmer méi waarm gëtt. Seng Kéi hunn zu all Zäit Waasser. Op enger vu senge Wise steet e grousse Bam, wou d'Kéi sech de ganzen Dag am Schiet kënnen ophalen. Op enger anerer Wiss ass guer kee Schiet, seet de Jeannot Wilwert: "Dofir hunn ech déi och ewechgeholl, well déi wosste sech mëttes wierklech net méi ze hëllefen."
Am Stall huet hie scho virun 10 Joer déi éischt Ventilatoren installéiert, déi nei vu virun 3 Joer sinn temperaturgesteiert a ginn automatesch bei 20 Grad un, bei 30 Grad lafe se op vollen Touren a sinn aktuell och an der Nuecht am Asaz. Soss gëtt e bësse Waasser gesprutzt, fir d'Kéi nach weider ofzekillen.
"Dat ass esou mëttes um 3 oder 4 Auer, do mierke mir, dass et de Kéi wierklech ze waarm gëtt. Wann et hinne wierklech waarm gëtt ,da stinn se do ze pompelen, wann et ganz extrem gëtt, rappe se och d'Schnëss op, mee dat solle mer verhënneren. Haaptsächlech sti se do schwéier ze ootmen. Du mierks och elo, si friesse manner, d'Mëllech leit och liicht drënner, a fir dat ganzt e bëssen am Grëff ze halen, musse mir d'Kéi esou gutt ewéi et geet ofkillen."Jeannot Wilwert
Bei den Hausdéiere gëllt prinzipiell: nëmme moies oder owes erausgoen, wann et schonn ofgekillt ass, soss solle se am Haus an am Schiet bleiwen. Well déi prall Sonn deet och hinnen net gutt. Frëscht Drénkwaasser ass wéi beim Mënsch och fir si wichteg. Kaze wiere manner ufälleg wéi Hënn, ma och beim Mupp ass et vu Rass zu Rass verschidden, esou seet d'Dr. Mousel.
"Bei Hënn ass et eebe virun allem esou, datt all déi Rassen, déi platt Nuesen hunn, déi net gutt ootmen, déi scho keng gutt Loft kréien am normalen, dat sinn halt eeben déi, déi wierklech mat Ofstand am ufällegste si fir Probleemer ze kréien wéinst der Hëtzt, an dann och zum Deel e bëssen oppassen, wann dat nach ganz jonker sinn, oder wann dat aler sinn, déi aner Erkrankungen hunn, da sinn déi einfach méi ufälleg."Dr. Mousel
Dëst Joer huet d’Dr. Mousel nach kee Patient mat Hëtzschlag gehat, soss an de Jore virdru wier dat ëmmer erëm reegelméisseg virkomm, ewéi och Hënn mat verbrannte Patten, well de Buedem ze waarm war.
Warnzeeche beim Hond sinn zum Beispill exzessiivt Hechelen, well si d'Kierpertemperatur net méi richteg reguléieren, Schwächt, an och Iwwelzegkeet. An deem Fall sollte se onbedéngt Waasser kréien, eventuell ofgeduscht ginn, awer net mat äiskalem Waasser, an direkt bei de Veterinäre, well et ass liewensgeféierlech.
Net nëmmen d'Hausdéiere leiden ënnert der Hëtzt, och de Villercher an Insekte ka gehollef ginn. D'Natur géing sech scho selwer reguléieren, ma dat géing awer net dogéint schwätzen, dass ee kann hëllefen, well och d'Villercher an d'Insekte musse Waasser drénken, an och do si méi schwaach Déieren drënner, déi Hëllef vum Mënsch brauchen.
"Dat eenzegt, wat een deene ka probéieren unzebidden, ass Plazen, wou si Waasser hunn. Dass een eng Schossel mat Waasser dobaussen histellt, dass si wierklech eng Méiglechkeet hunn, esou u Waasser ze kommen."
Och op déi kleng Hausdéieren, ewéi Kanéngercher oder Mierschwéngercher, muss opgepasst ginn:
“Virun allem Kanéngercher a Mierschwéngercher soll ee wierklech oppassen, dass déi Schiet hunn, dass si Waasser hunn, gegeebenenfalls eventuell wierklech sech iwwerleeën, wann déi wierklech dobausse liewen, ob ee se bei dësen Temperaturen net awer wëll eranhuelen an iergendwou an e kille Raum setzen. Well virun allem Kanéngercher Hëtzt net immens gutt verdroen.”Dr. Mousel