Als Helikopterpilot bei der Air Rescue fänkt dem Sylvain Payet seng Schicht moies um 7.30 Auer mat engem Check-up um Helikopter un, um 8 muss deen nämlech asazbereet sinn. Den Oflaf ass all Moien exakt den nämmlechten – wat changéiert huet, ass den Helikopter. Zwou nei Airbus-Maschinnen ergänzen elo offiziell d’Flott vun der Lëtzebuerger Air Rescue a léisen domat déi al Maschinnen of.
Mat der Entscheedung hätt ee sech net einfach gedoen, erkläert de René Closter, President vu Luxembourg Air Rescue. Zum engen, well et finanziell de gréissten Investissement vun de leschten 20 Joer gewiescht wier, zum aneren awer och, well et eng grouss Ëmstellung fir d’Ekippe bedeit - vum Techniker bis bei de Pilot. Mat sengem Fluchschäi kann deen nämlech net wéi beim Autosführerschäin op all Maschinn fléien, mä et muss een zwee Méint arechnen, bis e Pilot op enger neier Maschinn asazbereet ass. Och de Recht vun der Besatzung huet fir den neien Helikopter Formatioune misse maachen. Op all Urgence-Vol sinn nieft dem Pilot en Dokter an e sougenannte Flight Nurse u Bord. Als Flight Nurse huet een zwou Rollen: Um Buedem schafft een als Urgencen-Infirmier Hand an Hand mam Dokter, soubal et an d’Loft geet, kritt een d’Roll vum Assistent de Vol – steet also dem Pilot zur Säit.
Vun 8 Auer un a bis d’Sonn ënnergeet, sinn d’Ekipp an den Helikopter asazbereet. Fir fléien ze kënnen, mussen allerdéngs och d’Meteoskonditioune stëmmen, déi de Pilot permanent am Bléck huet. Am Fall vun Niwwel, Glëtz oder staarkem Schnéifall steet den Ekippen och eng normal Ambulanz zur Verfügung.
Wann den Alarm schellt, muss et séier goen: Dräi Minutten huet d’Ekipp da bis zu deem Moment, wou den Helikopter muss an der Luucht sinn. Zwee bis dräi Asätz huet d’Ekipp am Schnëtt den Dag. Nieft vereenzelte geplangten Transporter sinn de Gros vun hiren Asätz Urgencen. Vun Accidenter iwwer Häerzinfarkter, Hiereschlag oder Reanimatiounen. Dacks geet et mol net drëms, de Patient am Helikopter ze transportéieren, mä an éischter Linn esou séier wéi méiglech bei de Patient ze kommen, fir en ze versuergen. Déi Verantwortung läit beim Pilot, un deen dofir héich Ufuerderunge gestallt ginn. 1.500 bis 2.000 Fluchstonne gi virausgesat, wat ongeféier 20 Joer Beruffserfarung entsprécht.