Net haut, net muerWéi leeft et mam geplangten Hotel zu Lëlz?

RTL Lëtzebuerg
Eng nohalteg touristesch Hebergementsstruktur soll zu Lëlz an enger Waasserschutzzon vum Stauséi gebaut ginn. 120 Leit sollen hei schlofe kënnen.

Schonn 2020 hat de Staat zwee Terraine vu bal 182 Ar an der Gemeng Esch-Sauer kaf, déi sech an der Waasserschutzzon vum Stauséi befannen. Dës grenzen un eng Natura-2000-Zon. Op engem vun dësen Terrainen ass vun der Gemeng Esch-Sauer eng Sports- a Fräizäitzon virgesinn. Op dësem Terrain wëll de Staat eng nohalteg Herbergementsstruktur bauen.

Méi genee sollen hei e klengen Hotel mat 12 Kummeren a 24 Vakanzenhaisercher hikommen. Dëse Projet an eng Etüd, déi de Projet guttheescht, gouf schonn d’lescht Joer vum zoustännege Ministère presentéiert.

Mä wou ass de Projet haut drun? Aktuell gëtt un de Preparatiounsaarbechte fir en Appel à projets geschafft, wéi de Wirtschaftsministère eis matdeelt. D’Ausschreiwung fir de Projet wier eng vun de politesche Prioritéite vun der neier Regierung. Et géif ee sech och un all Investisseur riichten, deen interesséiert wier, op dëser Plaz “eng nohalteg an innovativ Herbergementsstruktur ze realiséieren an ze bedreiwen”.

Back to Top
CIM LOGO