Am Bilan, der Zensur vun all Kand, gëtt d’Medien-Aarbecht als eng vun den transversale Kompetenze bewäert. Dobäi gi verschidde Punkte consideréiert, ënnert anerem de Gebrauch an d’Erstellung vun eegene Medien an dat kritescht hannerfroe vun de Medien.
Et ass all Enseignant iwwerlooss, wéi en dëst wëll mat de Kanner thematiséieren. Do gëtt den Educatiounsministère bis ewell keng Virgaben, ma proposéiert den Enseignanten awer Formatiounen, fir sech selwer doriwwer weiderzebilden. Am November dëst Joer wäert den Educatiounsministère e "Medienkompetenzrahmen" presentéieren, wou e Kader geschaf gëtt fir d’Mediebildung an de Schoulen.
Fir Jugendlecher proposéiert de Service national de la Jeunesse Aktivitéiten am Beräich Mediebildung an dat schonn zënter 1996. Um nei renovéierte Site am Mariendall kënne Schoulklasse wéi och Jugendgruppe sech dofir aschreiwen. Bei der Aktivitéit "Live am Studio" geet et drëms, eppes iwwert Noriichten ze léieren a selwer eng Sendung ze gestallten.
Verschidde Lycéeën hei am Land hu Medienoptiounen. Am Lycée Robert Schuman gi schoulesch Aktivitéite mat der Kamera begleet an déi Jonk schneiden dorausser e Film. Déi ginn ënnert dem Numm "Schumann Tube" verëffentlecht. Vun der Rentrée un am September proposéiert de Lycée Robert Schuman och eng nei Sektioun, A*, wou nieft Sproochen a Literatur och Medien a Kommunikatioun um Programm stoen.