D'Diskussioun iwwer méi Verdeelungsgerechtegkeet ass duerch dem CSV-President Frank Engel säi Cavalier Seul lancéiert. Och wann zum Beispill déi Lénk se ëmmer nees gefuerdert hunn. Virun allem d'Iddi vun enger Ierfschaftssteier an direkter Linn hat fir Opreegung gesuergt. Dobäi gëtt et se zu Lëtzebuerg schonn, ewéi d'Affekotin Nathalie Frisch e Mëttwoch als Invitée am Journal op der Tëlee sot. Si ass op Ierfschaftsrecht spezialiséiert.
Kanner, déi vun den Elteren oder Grousselteren ierwen ouni mussen ze bezuelen. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng Ierfschaftssteier an direkter Linn. Dat stëmmt net ganz, erkläert d'Affekotin Nathalie Frisch. Ëmmer da wann d'Kanner méi kréien ewéi d'Gesetz et virgesäit, ass nämlech eng Steier fälleg.
''Bei deene meeschten ass et esou, dass wann zwee Kanner do sinn, jidderee 50 Prozent kritt. Da gëtt et kee Problem an et bezilt ee keng Ierfschaftssteier. Wann awer elo ee Kand par rapport zu deem anere favoriséiert gëtt, da gëtt schonn dorobber hi besteiert. Dat heescht déi Gesetzgebung, déi mir hunn, gesäit och do schonn eng gewësse sozial Komponent vir. D'Kanner solle gläich behandelt ginn. A wann een dat net mécht, dann ass eng Ierfschaftssteier do.''
Ierfschaften an net direkter Linn si besteiert. De Basistaux fir Successiounen ënner Geschwëster zum Beispill läit bei 6 Prozent, iwwer Testament oder duerch Donatioun esouguer bei 15 Prozent.
''Domadder geet et net duer. Do kënnt nach eng Majoratioun dobäi. Op déi Steier bezilt een am Fong nach eng Kéier e gewëssene Prozentsaz an deen hänkt dovun of, wéi vill dass een ierft. Wat ee méi ierft, wat ee méi bezilt. Dat ka scho relativ héich goen. Wann een net Famill mat engem ass, a wierklech vill ierft, da kann et sinn, dass ee bis zu 48 Prozent Ierfschaftssteier bezilt, wat jo awer schonn net näischt ass.''
Allerdéngs huet d'Spezialistin am Ierfschaftsrecht op d'mannst hir Doutten, ob eng Ierfschaftssteier wierklech déi effikasst Method ass, fir e Staatsbudget ze sanéieren. D'Belsch a Frankräich hunn déi héchst Tauxen an Europa.
''Sinn hunn awer nëmmen 0,7 fir d'Belsch respektiv 0,6 Prozent – plus minus, et variéiert natierlech vu Joer zu Joer - vum PIB wat déi Ierfschaftssteier do reell als Recette ausmécht, wat elo jo awer wierklech net enorm ass.''

Dobäi kéim, dass eng Ierfschaftssteier an direkter Linn immens komplex wär. Och wann een Abattemente virgesäit, ewéi an der Propos vum CSV-President Frank Engel.
''Et hänkt immens vill drun. Et muss een an der Praxis kucken, wat d'Konsequenze vun esou enger Ierfschaftssteier sinn. Wat mir jo wëlle verhënneren ass, dass déi kleng respektiv eis Mëttelschicht, doduerch Problemer kréien. Dat misst een en Abattement aféieren. Mä wou setzt een deen un? Dat ass schonn emol eppes wat relativ schwéier ass. Hätte mir déi hei Diskussioun virun 10-15 Joer gefouert, wou d'Immobiliëpräisser nach vill méi niddreg waren, hätt een deen Abattement warscheinlech vill méi niddreg ugesat. Dat heescht dee Montant, dee mir haut huelen, muss jo deem ugepasst sinn, wa mir de Leit wëllen d'Chance ginn, nach eng Immobilie ze verierwen. Mä wéi ass et muer? Da muss een dat schonn iergendwéi un en Index bannen.''
Just: Wéi een Index? Et dierft een net vergiessen, dass d'Präisser vun den Immobilië vläicht nach méi an d'Luucht ginn, seet d'Affekotin. Si erënnert och drun, dass d'Bienen jo och kaaft gi si mat Revenuen op déi scho Steiere bezuelt gi sinn. D'Gefor vun enger Duebel-Besteierung. Just eng vu ville Problematiken, déi esou eng Ierfschaftssteier an direkter Linn géif mat sech bréngen, esou d'Affekotin Nathalie Frisch.
RTL-Artikel: Hanner virgehalener Hand: Den CSV-Parteipresident Frank Engel politesch ugeschloen