Bilan VirchrëschtzäitWéi steet et ëm d'Chrëschtgeschäft hei zu Lëtzebuerg?

Lynn Cruchten
Virun de Feierdeeg am Dezember hunn d'Geschäfter d'Méiglechkeet och Sonndes opzehunn. De Bilan fält awer jee no Branche a Standuert ënnerschiddlech aus.
Bilan Virchrëschtzäit: Wéi steet et ëm d'Chrëschtgeschäft hei zu Lëtzebuerg?
Virun de Feierdeeg am Dezember hunn d’Geschäfter d’Méiglechkeet och Sonndes opzehunn. De Bilan fält awer jee no Branche a Standuert ënnerschiddlech aus.

Eng Woch virun Hellegowend hu mer bei Geschäftsleit an der Uelzechtstrooss zu Esch, an engem grousse Shoppingzenter zu Bartreng an an der Ettelbrécker Akafsstrooss nogefrot, wéi den Dezember bis elo fir si gelaf ass. D’Butteker hate jo bis ewell d’Geleeënheet och op den dräi Adventssonndeger opzemaachen. De Bilan vun der Virchrëschtzäit fält jee no Branche a Standuert ënnerschiddlech aus:

D’Anna Derosa, Gerant vun engem Kleedergeschäft:

“Bis elo ganz an der Rei, bësse méi wéi d’lescht Joer souguer. Poschen, Portmonnien, alles, wat Accessoiren ass. Mir verkafe jo och Aueren a Bijouen, fir Männer haaptsächlech T-shirten. Bon d’Leit kommen ëmmer bësse méi zum Schluss. Et ass esou bekannt, gell, se waarden ëmmer. Se waarden op Iddien an och vläicht präislech, well se wëssen, dass mer ëmmer Promoe virun de Feierdeeg maachen.”

De Marc Jager, Gérant vun engem Härekleedergeschäft:

“De Moment leeft et mengen ech zimmlech d’selwecht wéi déi aner Joren och. D’Clienten, et mierkt een awer gutt, hunn awer Freed dodrun, fir Kaddoen ze kafen an de lokale Geschäfter.”

De Kai Neu, Gérant vun engem Kleedergeschäft

“Die ersten Sonntage, die sind für uns jetzt nicht ganz so stark. Ich glaube das ist eher so Lebensmittel, die da stärker gefragt sind. Aber gerade so die letzten zwei, die sind für uns dann schon gut, wobei wir da erst immer gegen Nachmittag dann wirklich Betrieb haben.”

De Salvatore Pica, Patron vun enger Vinothéik

“Mer leien 20 bis 25% ënnert deem, wat mer d’Jore virdru gemaach hunn. Ech denken, dass d’Leit hir Kafkraaft wéinst der aktueller ekonomescher Situatioun bëssen andeelen an dat kréie mer awer ganz ganz däitlech ze spieren.”

De Paul Ernster, administrativen Direkter vun enger Librairie

“Bei eis leeft et relativ gutt. Lo am Domaine vun de Bicher spiere mer kee Réckgang. A jo wat gutt geet ëm d’Chrëschtzäit ass alles, wat lëtzebuergesch Bicher ass, wat Kannerbicher ass, edukativ Saachen an natierlech qualitativ Spiller leeft ganz gutt.”

Déi meescht Geschäftsleit rechnen domat, datt d’nächst Woch a besonnesch den nächste Weekend mam 24. Dezember inclus nach emol méi Leit de Wee an d’Butteker fannen an d’Keesen dann nach emol richteg rabbelen.

Back to Top
CIM LOGO