Etüd vun NielsenWéi vill Sue koumen duerch Publicitéiten eran?

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Joer goufe vill méi Publicitéitsplagë verkaf wéi nach virun 2 Joer, dat geet aus enger Etüd vun der Firma Nielsen ervir.

Si hunn Donnéeën, déi d'Annonceuren hinnen zur Verfügung gestallt hunn, analyséiert. Am Ganze gëtt et eng Hausse vun 3,8 Prozent bei de Recetten. Domadder goufen zejoert fir ee Montant vun 142 Milliounen Euro kommerziell Reklamme gemaach.

Reklammen zu Lëtzebuerg/Reportage Nadine Gautier

Et sinn d’Zeitungen, wou déi meeschte kommerziell Publicitéite geschalt goufen. An der Dagespress sinn d’Investissementer vun 49,3 Milliounen Euro op 49,4 Milliounen Euro geklommen. Déi bleiwen also relativ stabil. Allerdéngs schénge Reklammen um Radio méi attraktiv ze ginn. Do gouf et nämlech een däitleche Sprong no uewen. D’Progressioun läit hei bei 12 Prozent, also 3 Milliounen Euro a klëmmt op 29,1 Milliounen Euro. Op der drëtter Plaz kënnt den Internet, dee mat kommerzielle Publicitéite 14,2 Milliounen Euro verdéngt huet. Dës Entwécklunge spigelen dann och d’Part de Marché zeréck. D’Dagespress bleift déi, wou déi meeschte Reklamme gemaach goufen, dat mat 35 Prozent vun der Part de Marché. All 5. Reklamm gëtt iwwert de Radio diffuséiert. An 10 Prozent Publicitéite goufen iwwert den Internet geschalt. Déi meeschten Aboussen huet d’Televisioun. Si verléiert an engem Joer 11 Prozent u Recetten iwwert d’Pub, dat sinn 1,5 Milliounen Euro a läit bei 9 Prozent vun der Part de Marché.

Och bei den Investissements bruts, also wou och d’Avis financiers, familiaux, officiels, kleng Annoncen a sou weider dra verrechent ginn, gëtt et eng Hausse. Vun 155,5 Milliounen Euro klammen hei d’Reklammen op 159,6 Milliounen Euro, also ëm knapp iwwer 4 Milliounen Euro. Déi Augmentatioun erkläert sech domadder, datt zwee nei Supporte fir Reklammen op de Marché koumen: Tramedia mat der Pub an den Trammen an Imail News. Déi eleng stinn hannert 3 vun de 4 Milliounen Euro.

Déi Firma, déi am meeschte Reklamme gemaach huet, ass weiderhin de Cactus. Op der zweeter Plaz steet d’Post. Domadder huet sech un der Spëtzt par Rapport zu 2017 näischt verännert. Op déi drëtte Plaz kënnt Möbel Martin, d’Entreprise klëmmt domadder vun der Plaz 6 ganzer 3 Plazen erop. Tango, d’Spuerkeess, de Kichechef kommen hannendrun. Dee Wirtschaftsdomaine, deen am meeschte Sue fir d’Pub ausginn huet, ass dee vun der Kultur, dem Tourismus, de Fräizäitaktivitéiten an dem Sport, mat engem Montant vun 28,6 Milliounen Euro.

Back to Top
CIM LOGO