Statec-PrevisiounenWeider Indextranche dëst Joer méiglech, Inflatioun dëst Joer 6,6% amplaz 5,8%

RTL Lëtzebuerg
D’Inflatioun, d’Hausse vun de Präisser, ass am Juli op ee Joer gekuckt op 6,8% geklommen, also liicht manner ewéi 7,4% de Mount virdrun, esou de Statec.
Statec: Inflatiounstaux fir 2022 bei 6,6 Prozent
Domadder läit dëse méi héich, wéi erwaart, och, wann den Taux am Juli par Rapport vum leschte Joer manner héich war, wéi nach am Juni.

Allerdéngs sinn d’Previsiounen, déi all 3 Méint matgedeelt ginn, no uewen ugepasst ginn. War een am Mee nach vu 5,8% Inflatioun fir dëst Joer ausgaangen, sou rechent een elo mat 6,6% fir dëst Joer.

Fir d’nächst Joer soll d’Inflatioun iwwerdeems mat 5,3% och méi héich leien ewéi déi 2,8%, vun deenen de Statec am Mee nach ausgaange war.

D’Hausse vun der Inflatioun ass virun allem duerch d’Hausse vun de Spritpräisser ugedriwwen. Als direkt Konsequenz vum Krich an der Ukrain, deen och méi laang dauert, ewéi een ufanks vum Joer nach gemengt hat.

De Staatsministère confirméiert, datt laut de Berechnunge vum Statec eng weider Indextranche am 4. Trimester vun dësem Joer erfale géing.

D’Regierung an d’Chamber haten awer decidéiert, datt no der Tranche vun Abrëll et bannent 12 Méint keng weider Tranche soll ginn. Falls no der verréckelter Tranche vu Juli nach eng virun Abrëll d’nächst géing erfalen, géingen d’Sozialpartner sech awer nach emol gesinn. D’Regierung huet dowéinst de Statec elo beoptraagt, fir déi éischt Woch vu September d’Inflatiounszuelen ze aktualiséieren. Op Basis dovunner kéint eng nei Tripartite aberuff ginn.

De Mëttwoch den Owend ass de Wirtschaftsminister Franz Fayot Invité um Plateau vun RTL Télé Lëtzebuerg, fir op d’Zuele vun e Mëttwoch ze reagéieren.

PDF: StatNews N°37 - Le taux annuel d’inflation en baisse de 7.4% à 6.8%

Back to Top
CIM LOGO