2,5 Milliarden Euro vu Russen agefruerWeider Niwwel am Lëtzebuerger Sanktiounsdschungel

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg huet zanter dem Ufank vun der russescher Attack géint d'Ukrain de 24. Februar 2,5 Milliarden Euro agefruer.

Russland-Sanktiounen/Reportage François Aulner

Dat gouf een no enger gemeinsamer Sitzung vun de Chamber Finanz- a Justizkommissiounen en Dënschdeg de Mëtteg gewuer. Et handelt sech ëm Geld op Bankkonten, mee awer och ëm Wäertpabeieren. Et wieren iwwerdeems keng Demandë fir eng Ausnamereegelung wéinst de Sanktiounen eragereecht ginn. Dës Zuel vun 2,5 Milliarden Euro dréit net de Sanktioune géint Russland Rechnung, déi et schonn zanter der Annexioun vun der Krim am Joer 2014 gouf. A fir de Verglach: wéinst de Sanktioune géint den Iran goufen zanter 2011 1,8 Milliarden Euro agefruer. Wéinst de Sanktioune géint Libyen waren et 3 Milliarden zanter 2006. Nieft dem Afréiere vu Gelder wieren am Handelsregëster dann och 86 Lëtzebuerger Gesellschaften identifizéiert ginn, déi e Lien mat 11 Persounen hunn, déi op de Sanktiounslëschte stinn.

D’Finanzministesch Yuriko Backes sot en Dënschdeg an de Chamberkommissiounen: “Lëtzebuerg erfëllt seng Roll ganz.” Et wiere keng Verstéiss festgestallt ginn, sou d’Ministesch. Finanzinstituter hätten 53 Mol d’Afréiere vu Gelder matgedeelt. An 106 Fäll goufen Demandë gemaach fir Clarificatiounen. Ufanks leschter Woch hat de Finanzministère an engem éischte Bilan nach gemellt, se hätt eng 100 Mol d’Afréiere vu Gelder a Ressourcë matgedeelt kritt. De selwechten Dag hat d’Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz, d’CSSF hirersäits Kontrollen um Terrain ugekënnegt.

De Piraten-Deputéierte Sven Clement geet dovunner aus, datt Lëtzebuerg a Punkto Finanzsanktiounen seng Aufgaben tatsächlech erfëllt. Senger Meenung no feelt et awer nach un Transparenz bei anere Bienen, fir ze wëssen, wien de Client oder Besëtzer ass vun zum Beispill Fligeren, Schëffer, Tableauen am Freeport oder nach Immobilien: “Grad wa se net iwwert nom propre, mee iwwert sougenannten ‘Special purpose vehicles’ (SA oder Sàrl, nvdr) gehale ginn a wou deelweis d’Bénéficiaires effectifs sech dann iergendwou op den Inselen, déi vun England oder Amerika ofhänken, verstoppen.”

Ganz skeptesch ass den CSV-Deputéierte Laurent Mosar. Hien zielt eng Rei Froen op: iwwert de Lëtzebuerger Registre maritime, ob tatsächlech keng russesch Schëffer oder Booter hei ugemellt wieren. Anerersäits iwwert d’Exporter vu Produits à double usage, also Produiten, déi och fir militäresch Zwecker kënne benotzt ginn. Da stellt sech de Laurent Mosar och Froen iwwert all déi Gesellschaften a Fongen, déi net ënnert d’Autoritéit vun der Iwwerwaachungskommissioun CSSF stinn. Firwat hannerfreet de Laurent Mosar dat dann alles, wann d’Ministeren a Beamten him garantéiert hätten, datt dat alles géing gekuckt ginn? “Mir hannerfroen dat natierlech net fir näischt”, sou den CSV-Deputéierten. Hie stellt fest, datt ganz vill Acteuren implizéiert sinn an “déi waarm Gromper” e bësse géing hin an hier gedréckt ginn. Et wier net einfach, komplett Äntwerten ze kréien, mee seng Partei wéilt op jiddwer Fall um Ball bleiwen, well d’Ëmsetze vun de Sanktiounen en Enjeu wier, fir de Ruff vun der Finanzplaz a vum ganze Land. Dem Laurent Mosar no wier et eigentlech scho gelungen, datt just 2,5 Milliarden Euro vu Russen agefruer goufen, iwwerdeems et am Fall vu Libyen 3 Milliarde waren.

Saiséiert gouf iwwerdeems näischt. D’Direction de l’aviation civile hat op Nofro vu reporter.lu hin awer scho matgedeelt, datt se am Gaang ass, d’Autorisatioun vun engem Privatjet vum russeschen Oligarch Alisher Usmanov ze läschen an d’Besëtzverhältnisser vu weideren Jets z’iwwerpréiwen. Et ass also nach Niwwel am Lëtzebuerger Sanktiounsdschungel.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO