OGBL an LCGBWéini d'Wirtschaft nees héichfueren? Entscheedung bei Regierung a Medezinner

Jeannot Ries
Eidel Stroossen. Schantercher, déi stinn. Aktivitéitszonen, an deenen d'Diere vun de meeschte Betriber zou sinn.
OGBL an LCGB iwwer d'Wirtschaft
Eidel Stroossen. Schantercher, déi stinn. Aktivitéitszonen, an deenen d'Diere vun de meeschte Betriber zou sinn.

Biller, hannert deene sech eng grouss Ongewëssheet, jo Angscht verstoppt, mat där d'Gewerkschaften den Ament am Alldag confrontéiert sinn.

"Mir hunn an enger Rei vu Betriber en héijen Absenteismus. Och well d'Leit zum Deel fäerten, op d'Aarbecht ze goen. An nëmmen, wa mer alles maachen, datt d'Leit iwwerzeegt sinn, datt se kënnen a gudder Gesondheet, mat der géisst méiglecher Chance kënne schaffen, sech net unzestiechen, geet dat Gefill zeréck, a kréien d'Leit e Sécherheetsgefill.", sou de President vum LCGB, de Patrick Dury.

D'Gesondheet vun de Leit op där enger Säit. D'Wirtschaftlech Intressen, d'Erhale vun Aarbechtsplazen op där anerer. Déi aktuell Kris gëtt och fir d'Gewerkschaften zum Danz um schmuele Seel.

"Et ass un der Regierung a virun allem um Gesondheetsministère an de Medezinner eis ze soen: Wéini ass den Ament do, fir erëm alles opzemaachen. Dat muss ee wierklech vun engem sanitäre Standpunkt aus kucken. Wéini ass et opportun, erëm opzemaachen. Wéini ass et net méi geféierlech, fir eenzel Betriber opzemaachen? Ganz wichteg fir den OGBL ass, datt de Mënsch an d'Gesondheet virun ekonomeschen Iwwerleeunge muss stoen.", esou d'OGBL-Presidentin Nora Back.

Kloer ass fir d'Gewerkschaften: Wann nees geschafft gëtt, da mussen d'Betriber, jidderee fir sech responsabel handelen. Fall fir Fall, fir d'Gesondheet vun hire Mataarbechter suergen. Well d'Gefor sech mam Virus unzestiechen, krank ze ginn, da méi wéi jee bestoe géif.

"Déi lescht Responsabilitéit läit beim Employeur. Et muss ee wëssen, datt den Employeur hei alles muss maachen, fir datt séchergestallt ass, sou wéi an der Betribssécherheet insgesamt, datt d'Leit sech hei net kënnen ustiechen. Do sinn eng ganz Rei Betriber, déi extrem Mesurë geholl hunn. En Decalage tëscht de Schichten, wou d'Schichte sech net méi gesinn, wat an engem Produktiounsbetrib net optimal ass. Déi Mesurë ginn den Ament geholl. Ech kann net iwwer all Betrib e Bilan zéien. An enger ganzer Rei vu Betriber gëtt villes gemaach.", esou de Patrick Dury.

All Detailer missten am Viraus kloer festgehale ginn. Zum Beispill wier den Drock vum Bau enorm, fir d'Aktivitéit am Secteur nees héichzefueren. Camionnettë mat 6 Aarbechter, déi moies op de Schantje fueren, sinn awer fir OGBL an LCGB en No-Go.

"Wou, op wat fir eng Aart a Weis fuere se moies op d'Aarbechtsplaz? Mam Auto? Am Ëffentlechen Transport? Bis zur Aarbechtsplaz selwer? Déi eenzel Aarbechtsprozesser mussen ofgeséchert sinn. D'Manipulatioun mat Material. De Kontakt zu den Aarbechtskolleegen. Och déi physesch Distanz tëscht de Leit, déi zesummeschaffen, muss garantéiert sinn. Et musse genuch Masken zur Verfügung stoen.", esou d'Nora Back.

Kollektivcongé, oder net? Den Ament lafen ënner anerem och hei d'Diskussiounen op Volltouren. Elo eng Decisioun ze huelen, wier verfréit. D'Wirtschaft misst emol ulafen. Froe wei déi, ob am Summer iwwerhaapt Reese méiglech sinn, misste gekläert ginn. An da soll iwwert de Fong diskutéiert ginn, sou d'Gewerkschaften.

Back to Top
CIM LOGO