9 Mol den 113 geruffWéinst falschem Alarm zu 180 Stonne Sozialdéngscht veruerteelt

RTL Lëtzebuerg
180 Stonnen Aarbecht am Déngscht vun der Allgemengheet, dat krut e Mann en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht wéinst falschem Alarm bei der Police.
© RTL Télé Lëtzebuerg Archivfoto

Dem Mann war virgehäit ginn, am Abrëll 2017 9 Mol beim 113 ugeruff ze hunn a gemellt ze hunn, dass an der Fixerstuff geschwënn eng Bomm géif explodéieren. D'Police hat d'Gebai an dat direkt Ëmfeld deemools evakuéiere gelooss. Den Hond, deen op d'Detektéiere vu Sprengstoff spezialiséiert ass, hat den Abrigado duerchsicht, ouni dass eppes fonnt gouf.

Wärend dem Prozess, un deen de Mann wéinst enger rezenter Operatioun net ugetruede war, hat seng Affekotin erkläert, dass de Mann sech fir seng Dot entschëllegt.

Hie wär sech bewosst, eng riseg Dommheet gemaach ze hunn, dat ënner Alkohol- an Drogenafloss. De Mann, deen eng agitéiert Vergaangenheet huet, géif sech schumme fir d'Dot. Dee Mount am Prisong dowéinst, hätt hie wakereg gerëselt. Hien hätt der Fixerstuff eng wëllen auswëschen, wat awer Perturbatiounen no sech gezunn hätt.

RTL NEWS: Wéinst falschem Bommenalarm viru Geriicht.

Back to Top
CIM LOGO