Zu Lëtzebuerg wieren dat tëscht 16.000 an 33.000 Mënschen. Sozial Isolatioun, Schoulofbroch, Depressiounen oder Suchtverhale si méiglech Konsequenzen.
Zanter 2021 gëtt et de Pilotprojet vun der Clinique de l’attention fir d’Prise en charge vu Betraffenen. Si gehéiert zum Neuropsychiatresche Spidol vun Ettelbréck. Eng 125 Patiente sinn aktuell an der Clinique de l’attention a Behandlung. D’Nofro wär därmoosse grouss, datt ee keng nei Patienten op d’Waardelëscht aschreiwe géif. Ma aus dem Pilotprojet soll eng definitiv Struktur ginn. Aktuell lafen d’Verhandlunge mat der CNS, fir d’Finanzéierung fir méi Personal anzestellen.
Den Alexander ass ee vun den éischte Patiente vun der Clinique de l’attention. U sech hat hien e Spezialist opgesicht fir Depressiounen, ma dësen huet séier erausfonnt, datt de Problem e ganz anere wier an de jonke Mann heihinner geschéckt. “Ech konnt mech guer net konzentréieren. Just ënner héijem Stress, wann d’Echeancen no bäi waren, krut ech et hin. Ech war net capabel, fir meng Zäit am Dag ze geréieren an d’Aarbecht ze maachen. Doduerch huet d’Aarbecht mäi Liewen dominéiert.”
An der Clinique de l’attention gëtt eng klinesch Diagnos erstallt, fir erauszefannen, ob et sech ëm ADS oder ADHS handelt. D’Ursaach, an der Reegel genetesch bedéngt, wär eng Deregulatioun vum Motivatiounshormon Dopamin, erkläert d’Estelle Thilgen, Psychologin an der Clinique de l’attention. “Am Fong gëtt den Dopamin am Frontallappen ze schnell opgesaugt. Wat mécht, datt déi Funktioun am Frontallappen vir an der Stier net genuch stimuléiert gëtt”. Dës Regioun wär awer grad zoustänneg, fir ze organiséieren, ze plangen an d’Opmierksamkeet a Funktioun vum Kontext ze reguléieren.
Fir d’Therapie ginn et zwou Méiglechkeeten. Déi eng mat Medikamenter, déi aner mat Psycho-Educatioun, seet d’Psychiaterin Dr. Niahm Catherine Power an der Clinique de l’attention. “C’est-à-dire apprendre au patient comment gérer les difficultés qu’il a au quotidien. Cela peut être par exemple dans la planification des tâches pour aider avec la procrastination, avec du time management.”
Am beschte géif eng kombinéiert Approche vu Medikamenter a Psycho-Educatioun gräifen. Beim Alexander huet d’Therapie ugeschloen. Säi Liewen hätt sech zanterhier komplett geännert. “Ier ech d’Medikamenter geholl hunn, huet mäi Liewe just aus der Aarbecht bestanen. Et war keng Plaz fir een aneren. Ech hat deels keng Frënn méi. Souguer meng Frëndin ass net eens mat mer ginn.”
Eleng d’Organisatioun vu banalen alldeegleche Saache géif scho fir Betraffener eng grouss Ustrengung bedeiten. D’Gesondheet géif dacks drënner leiden, grad wéi d’Sozial- a Familljeliewen, well déi Betraffen dacks immens midd wieren, esou d’Estelle Thilgen: “An dat ass immens schued eigentlech, well déi Therapie ka ganz einfach sinn. Deene Leit ka relativ einfach gehollef ginn. Et ass bewisen, datt d’Traitement e Schutzfaktor souguer ass, fir aner Erkrankungen net ze entwéckelen. Wéi Iwwergewiicht, Depressiounen, Suchtverhalen, Schwieregkeeten an der Schoul, finanziell Schwieregkeeten oder Aboussen.”