Mir hu manner Problemer beim Kaf, wéi an der Locatioun, seet de President vun der Chambre immobilière, duerfir kann de Logementsproblem zu Lëtzebuerg nëmme geléist ginn, wann ee méi an Beräich vun de Mietwunnenge mécht, wat bis ewell awer net geschitt.
De Jean-Paul Scheuren war eisen Invité vun der Redaktioun an huet bedauert, datt d'Politik d'Privatacteuren aus dem Immobilieberäich an deem Beräich nach ëmmer net mat abënnt. Dobäi hätt d'Chambre immobilière scho viru Joren eng komplett Gesetzpropositioun gemaach, mat där privat Acteure Locatiounswunnengen zu abordabele Präisser, 25% ënnert dem Marché, verloune kéinten. Mat enger Kafoptioun vun de Wunnengen no 10 Joer.
De Projet vum Kompensatiounsfong zesumme mam Fonds du logement an der AIS nennt de Jean-Paul Scheuren eng schlecht Kopie vun der Iddi vun der Chambre immobilière. Eng schlecht Kopie mat där grad mol 23 Wunnenge verlount géifen.
D'Acteuren aus der Chambre immobilière dogéint géifen e Maximum u Logementer schafen. De Jean-Paul Scheuren rechent domadder, datt et 10 bis 15 Joer dauert, bis de Réckstand aus de leschten 30 Joer kompenséiert ass. Et géifen nämlech nach ëmmer ëm déi 20.000 Sozialmietwunnenge feelen. Dee Volume misst also erreecht ginn.
D'Chambre immobilière versteet an deem Kontext och net, firwat si bis ewell net an d'Preparatioune vun der Konsultatiounsdebatte iwwert de Logement an der Chamber mat agebonne gouf. Si hätt an der Vergaangenheet bewisen, datt se de Marché analyséiere kann a wier prett, fir aktiv ze ginn. D'Politik, virun allem de Logementsministère, awer wéilt dat net. Et misst ee sech also d'Fro stellen, ob eng Politik gemaach gëtt, fir de Problem vum Logement wierklech ze léisen, oder fir gewielt ze ginn?
Déi ëffentlech Acteuren, sief et de Fonds du logement oder SNHBM, hätten hire Rôle ze spillen, an deem Beräich, wou se aktiv sinn, sot eisen Invité. De Jean-Paul Scheuren hofft an deem Sënn, datt de Fong an den nächste Joren seng Berouegung fënnt, datt manner iwwer Personalfroen a méi iwwer konkret Projeten an der Press ze liese steet. D'Société nationales des habitations à bon marché dogéint misst senger Meenung no onbedéngt nach méi am Locatiounsmarché aktiv ginn.
De President vun der Chambre immobilière huet och aner, méi séier Prozeduren hei am Land gefuerdert. Och missten d'Gemengen elo ganz séier hir PAGen ofschléissen.
Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 war de Jean-Paul Scheuren, President vun der Chambre immobilière.