
D'Corona-Pandemie huet gewisen, wéi wichteg déi nei Technologien an der moderner Welt sinn. Ëmmer méi Déngschtleeschtungen a Servicer ginn online ugebueden, vun Akeef bis hin zu administrativen Demarchen a Bankgeschäfter.
Fir Jonker gehéieren déi nei Technologien zum Alldag, ma eeler Leit di sech domat dacks schwéier a fille sech iwwerfuerdert vun dëser Entwécklung. Den Internet an déi sozial Medie si fir si heefeg Neiland. Déi eng hu keen Interessi drun, dës nei Welt z'erfuerschen a sech domat ausenanerzesetzen, déi anerer traue sech net dorun, aus Angscht virun den eventuelle Risken oder Geforen, déi domat verbonne sinn.
An dës Angscht a Suerge sollen de Seniore geholl ginn. „Et ass enorm wichteg dofir ze suergen, dass och déi eeler Leit sech net digital lénks leie gelooss fillen. Et geet heibäi och dorëms, de Risiko vum sozialen Isolement ze limitéieren, deen duerch den digitale Gruef dacks nach verstäerkt gëtt", ënnersträicht d'Ministesch fir Famill an Integratioun, d'Corinne Cahen.
Fir déi eeler Leit z'informéieren an z'ënnerstëtzen, organiséiert de Gero Kompetenzzenter fir den Alter op Initiativ vum Familljeministère a mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg, een Informatiounsdag mam Titel „Wëllkomm an der digitaler Welt", den 1. Oktober vun 10 bis 16 Auer am Centre culturel zu Bouneweg. Hei ginn d'Senioren op méi wéi 15 Stänn gewuer, wou si den Ëmgang mat dem neie Kommunikatiounsmëttel Internet léiere kënnen a kréien och e puer nëtzlech Infoen iwwer Internet-Banking oder e-Shopping.
Méi Informatioune ginn et online op www.luxsenior.lu oder beim Gero Kompetenzzenter fir den Alter (36 04 78-1 / akademie@rbs.lu).
Internationalen Dag vun den eelere Leit: Wëllkomm an der digitaler Welt (30.09.2021)
Communiqué par: ministère de la Famille, de l'Intégration et à la Grande Région
Dëse Freideg, 1. Oktober, gëtt an der ganzer Welt den internationalen Dag vun den eelere Leit gefeiert. Dëst Joer hunn di vereenegt Natiounen d'Thema „Digital Egalitéit fir all Alter" an de Fokus gesat.
Den digitale Wandel an déi nei Technologien huelen an eiser Gesellschaft eng ëmmer méi wichteg Plaz an, well ëmmer méi Déngschtleeschtungen a Servicer online ugebuede ginn, vun Akeef bis hin zu administrativen Demarchen a Bankgeschäfter. Di sanitär Kris huet dësen digitale Wandel natierlech enorm beaflosst an acceleréiert.
Vill Seniore fillen sech awer iwwerfuerdert vun dëser Entwécklung. Fir si sinn den Internet an déi nei Technologien Neiland, dat si dacks net wëllen entdecke well et si net intresséiert, oder un dat si sech net erun trauen, well si Angscht virun den eventuelle Risiken a Geforen hunn.
„Et ass enorm wichteg dofir ze suergen dass och di eeler Leit sech net digital lénks leie gelooss fillen. Et geet heibäi och dorëms de Risiko vum sozialen Isolement ze limitéieren, deen duerch den digitale Gruef dacks nach verstäerkt gëtt", ënnersträicht d'Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen.
„Traut Iech an déi digital Welt!"
Fir d'Senioren iwwert déi verschidde Méiglechkeeten ze informéieren, déi di nei digital Welt bitt, a fir si ze motivéieren, den éischte Schratt an dës Richtung ze woen, organiséiert de Gero Kompetenzzenter fir den Alter, op Initiativ vum Familljeministère a mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Lëtzebuerg, een Informatiounsdag mam Titel „Wëllkomm an der digitaler Welt", den 1. Oktober vun 10 bis 16 Auer am Centre culturel zu Bouneweg.
Op dëser Foire, kënne Senioren sech un iwwer 15 Stänn iwwert allerlee Aspekter vun der digitaler Welt informéieren. Hei kréie si nëtzlech Informatiounen iwwert verschidde Beräicher an deenen déi digital Medie konkret an den Asaz kommen, zum Beispill bei administrativen Demarchen, beim Internet-Banking an e-Shopping. Si kennen sech do och iwwert verschidde Formatiounen informéieren, wou si den Ëmgang mat den neie Kommunikatiounsmëttel léiere kënnen.
Méi Informatiounen heizou ginn et beim Gero Kompetenzzenter fir den Alter (36 04 78-1 / akademie@rbs.lu), an online um www.luxsenior.lu.
Internationaler Tag des älteren Menschen – Willkommen in der digitalen Welt – RBS (gero.lu)