De Luis huet 48 Joer an ass zanter 4 Joer HIV-Positiv. De Papp vun engem Meedche wëll awer staark bleiwen. Och wann et net ëmmer einfach wär, wëll de Mann de Courage net verléieren.
En grouss Hëllef fir hien, iwwert déi hie sech och freet, ass de Service Aidsberodung vum Roude Kräiz.

D’HIV-Berodung hei zu Lëtzebuerg gëtt et scho 35 Joer a wëll op dem Welt-Aids-Dag virun allem e Fokus op de psychologesche Volet a Suivi leeën.
Eng Aids-Diagnos ass hautdesdaags zwar eppes aneres wéi nach viru 40 Joer. Och wann ee gutt domat liewe kann, verännert se awer d’Liewe vum Betraffenen, betount d’Laurence Mortier vun der HIV-Berodung.
“D’Persoun muss mam HIV liewen, seng Analys reegelméisseg maachen, e reegelméissegt Traitement huelen. Ech soen ëmmer, et misst ee léieren, mam HIV ze liewen”.
Eng Diagnos, déi dacks och mat Ängschten a Froe verbonne wier.
“Wat maachen ech? Wiem soen ech? Kann ech et soen? Wéi hëlt déi aner Persoun et op? Déi Froe kënnen dozou féieren, datt ee sech isoléiert.”
D’HIV-Berodung bitt dofir psychologesch Suivien u mat Professioneller, déi spezialiséiert sinn op de Virus. D’Preventioun an d’Traitementer vum HIV wiere sécherlech eng positiv Evolutioun, seet d’Laurence Mortier, mee:
“Vläicht huet dat och dozou gefouert, datt d’Sensibilitéit vun de Leit bëssen ofgeholl huet. D’Chiffere weisen et: 2022 goufen et iwwer 60 nei Infektiounen.”
Et géif net drëm goenm de Leit Angscht ze maachen, mee jidderee misst weider informéiert a sensibiliséiert ginn.
An deem Kontext huet d’Croix Rouge um Welt-Aids-Dag eng Rei Aktioune lancéiert. Ënnert anerem hu si e Freideg de Moien op e puer Plazen uechter d’Stad Kondomer verdeelt. Dat och op der Gare am Pafendall, wou d’Leit nawell séier ënnerwee waren, fir vum Zuch an de Funiculaire an dann an den Tram ze kommen. Der Nadja Lamesch vun der Croix-Rouge no sinn d’Leit allgemeng awer oppe fir esou Aktiounen.
“Jo schonn. Et sinn awer ëmmer mol rëm verschidde Blécker vu Leit, déi et komesch fannen, einfach mol esou e Kondom an de Grapp gedréckt ze kréien. Heiansdo kucke si och de Kondom un a froe sech, ‘wat ass dat hei dann?’. Dowéinst musse mir oft rappelléieren, dass ebe Welt-Aids-Dag ass. Ech denken da geet och vläicht deen een oder aneren och mol nach eng Kéier nosichen, wat ass dat da fir en Dag? Et ass halt ëmmer nach en aktuellt Thema an et ass och fir dat nach eng Kéier ze rappelléieren, dass dat net soll vergiess ginn.“