2 ZeienopriffWie kennt dës Persoun? Wien huet eppes gesinn?

RTL Lëtzebuerg
De Mann op der Foto soll eng Kreditkaart geklaut a probéiert hunn, domat Suen opzehiewen. Ausserdeem ginn Zeie vun engem Accident mat Kläpperei gesicht.

Deen éischten Zeienopruff betrëfft e Mann, deen eng Kreditkaart geklaut a probéiert soll hunn, domat Suen opzehiewen. Dobäi gouf hie fotograféiert.

Wien de Mann erkennt oder weess, wou e sech ophält, soll sech bei der Stater Police um Tel. 4997-4500 mellen.

Da sicht d'Police och Zeie vun enger Kläpperei - an dat no engem Accident um Sonndeg, 24. Februar um 17.45 Auer op der Kräizung vum Boulevard Pierre Dupong mat der Rue Auguste Neyen zu Märel.

Nom Knuppert koum et zu enger Kläpperei an déi soll, esou d'Police, vu ville Leit mat hiren Handye gefilmt gi sinn.

D'Police freet elo: Wien huet eppes vun deem Accident a vun där Kläpperei matkritt? Wiem sinn an deem Kontext Persoune mat nordafrikaneschen Originnen opgefall? Wien huet den Accident gesinn an eventuell gefilmt?

Infoe si fir d'Police op der Cap um Tel. 24430-1000.

Back to Top
CIM LOGO