Christophe Hansen oder Nicolas Schmit?Wie soll Member vun der EU-Kommissioun ginn? Luc Frieden leet sech net fest

Pierre Jans
Op der Pressekonferenz um EU-Sommet blouf en Donneschdeg och nach Zäit, zwou aner Froen ze beäntwerte wéi déi iwwert d'Ukrainhëllef.
© SIP / Frédéric Sierakowski

Iwwer d’Europawale beispillsweis an d’Course ëm d’Top-Jobs, déi duerno ze besetze sinn. An do lafen den CSV-Politiker Christophe Hansen, dee vun der Regierung als Kandidat designéiert ass, fir Kommissär ze ginn an den Nicolas Schmit mat. Dee gouf ëmmerhi kierzlech als Spëtzekandidat vun den Europäesche Sozialisten confirméiert an huet op d’mannst theoretesch Chancen, Kommissiounspresident oder op d’mannst Vizepresident ze ginn. Wie soll Member vun der Kommissioun ginn?

De Premier Luc Frieden leet sech nach net fest.

“Mir kucken dat, wann déi Fro sech stellt. Mir hunn e Koalitiounsaccord. An dee gesäit vir, dass d’CSV d’Recht huet, de Kommissär ze proposéieren. Bis op Weideres gëllt deen Accord tëscht CSV an DP. Zweetens géif ech et begréissen, wann d’Ursula von der Leyen sech als Spëtzekandidatin vun der EVP géif proposéieren. Do muss een de Mäerz ofwaarden. Sollt si dee Schratt maachen a sollt d‘EVP si confirméieren, da geséich ech si als eng ideal Besetzung un der Spëtzt vun der Europäescher Kommissioun.”

Méi däitlech war de Luc Frieden, wat d’Bauereprotester ugeet, déi en Donneschdeg zu Bréissel net z’iwwersi waren. Dem Premier senger Meenung no muss een déi Suerge ganz eescht huelen, well se deels wouer wären. D‘nächst Woch schonn ass eng Entrevue mat Vetrieder vun der Lëtzebuerger Agrikultur.

Back to Top
CIM LOGO