De Centre Culturel zu BounewegWielen am gréisste Walbüro am Zentrum

RTL Lëtzebuerg
De Centre Culturel an der Rue des Ardennes zu Bouneweg ass zesumme mam Belair dee gréissten Zenter an der Stad, wou gewielt gëtt.
Wielen am gréisste Walbüro am Zentrum
De Centre Culturel an der Rue des Ardennes zu Bouneweg ass zesumme mam Belair dee gréissten Zenter an der Stad wou gewielt gëtt.

7 Büroe fir iwwer 3.000 convoquéiert Bierger. Mir waren op der Plaz, wéi nach e puer Wieler kuerz viru Schluss ukoumen. Mol haten Eltere sech opgedeelt a jeeweils doheem op d’Kanner opgepasst, Mol koum ee vum Mëttesdësch. Anerer konnten net éischter, well se geschafft hunn an et waren der och drënner, déi ganz einfach spéit aus de Fiedere koumen ma nach mat Zäiten do waren. Eng Persoun koum um Enn tatsächlech ze spéit, e Gardien deen net éischter vun der Schaff fort koum.

Punkt 14 Auer war de Büro zou an zu Bounweg gouf sech un d’Ausziele gemaach. Leider goufen et och déi Kéier nees Fäll, wou Wieler sech zwar wuel beméit hunn, fir hir Stëmm ofzeginn, awer dunn net opgepasst hunn an d’Convocatioun oder d’Instruktiounen mat an hirem Walziedel an d’Urn gestach hunn. Dee Vott ass domat ongülteg.

Back to Top
CIM LOGO