
Zënter Joerzéngten ass d'groussherzoglech Famill an der Summervakanz an engem Domaine zu Cabasson op der Côte d'Azur. An deem Kontext war eng Diskussioun opkomm wiem deen Domaine da gehéiert.
A senger Äntwert op d'parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun de Piraten, Marc Goergen, ass et vum Staatsminister Xavier Bettel d'Prezisioun, dass d'Grande-Duchesse Charlotte deen Domaine Ugangs der 50er Jore kaaft huet. En ass also am Privatbesëtz vun der groussherzoglecher Famill a gehéiert net dem Lëtzebuerger Staat.