Opruff vun der PoliceWiem kommen dës Bijoue bekannt vir?
Am Dezember 2019 goufe bei enger Policekontroll e sëllege Bijoue séchergestallt. Zanterhier konnten hir Besëtzer awer nach net ermëttelt ginn.
Leit, déi op dëse Fotoen elo hir Bijoue sollten erëmerkennen, si gebieden, sech bei der Police SUD-OUEST ze mellen, via Telefon um +352 244606196 oder via E-Mail op spj.rgb@police.etat.lu.