Wiessel am StaatsrotWien ersetzt de Laurent Zeimet an d'Martine Deprez?

Roy Grotz
Mat der neier Regierung an den nei-vereedegten Deputéierte ginn och d'Still am Staatsrot geréckelt.

Deemno mussen d’CSV-Membere Laurent Zeimet a Martine Deprez ersat ginn. Iwwerdeem de Beetebuerger Buergermeeschter an d’Chamber gewiesselt ass, wou hien als siwenten op der Südlëscht eragewielt gouf, ass d’Madamm Deprez als Newcomerin op de Poste vun der Santésministesch genannt ginn. D’Martine Deprez war 2012 an de Staatsrot nominéiert ginn an hat deemools de Georges Schroeder ersat.

Wiessel am Staatsrot / Reportage Roy Grotz

Si wier am Abrëll “en rang utile” gewiescht, fir d’Presidence am Staatsrot vum Christophe Schiltz z’iwwerhuelen, mee doraus gëtt näischt, well d’Mathésproff jo als nei Ministesch fir Santé a Sécurité Sociale vereedegt gouf.

Dem Nominatiouns-Roulement no gëtt eng CSV-Kandidatin vun der Regierung proposéiert, nodeem de Staatsrot 2 Profiller fir dëse fräie Poste muss ausschreiwen. Et schéngt probabel, datt och nees eng Fra wäert d’Successioun vum Martine Deprez iwwerhuelen, well dem Gesetz vun 2017 no, muss en Drëttel vun den 21 Staatsrot-Membere weiblech sinn.

Bei der Successioun vum Laurent Zeimet gesäit d’Prozedur anescht aus, well dës fräi Plaz duerch de Staatsrot selwer besat gëtt an de Posten och net méi dierft der CSV zoufalen. Nom Gesetz vun 2017 muss nämlech d’Zesummesetzung vun der héijer Kierperschaft dem Parteie-Proporz entspriechen, deen et an der Chamber gëtt.

Deemno wäert dës Plaz dem ADR zoufalen, déi mat der Affekotin Nicky Stoffel eréischt ee Member am Staatsrot huet. D’Madamm Stoffel hat 2018 den Albert Rodesch ersat. 2016 war iwwerdeems den ADR-Kandidat Alex Penning net vun der Regierung zeréckbehale ginn, well d’Regierung deemools eng Fra wollt an de Staatsrot nominéieren. Dat ass dann och mat der ADEM-Direktesch Isabelle Schlesser geschitt, déi 2016 d’Plaz vun der Viviane Ecker krut.

Lo kéint also nees d’Stonn um Bockfiels fir den Affekot Alex Penning an der Successioun vum Laurent Zeimet schloen, deen no de Walen aus dem Staatsrot demissionéiert hat, wou hien nëmmen e gutt Joer laang siegéiert huet.

Wéi gesot wiesselt am Abrëll d’nächst Joer och d’Presidence vum héije Gremium. De Christophe Schiltz dierft dann duerch de Marc Thewes ersat ginn, dee vun der CSV nominéiert gi war.

Et gëtt een eenzegen Depart d’nächst Joer: de Patrick Santer gëtt ugangs Mee säi Mandat of.

Back to Top
CIM LOGO