
Dat geet aus dem neie Wirtschaftsbarometer vun der Handelskammer ervir, bei deem de Fokus op de Wale louch. Haapttheme fir d’Wale sinn dem Sondage no fir d’Betriber nieft der Inflatioun och d’Reduktioun vun de Käschten, de Klimawandel an eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten. Aktuell ass d’Vertrauen op engem Déifpunkt, esou de Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre de Commerce.
“On se situe maintenant en dessous de la tendance du Covid. Avec le Covid, dès le 2e semestre de 2021, on a vu une remontée de la confiance. Pourquoi? Mais parce qu’ ce moment-là les entreprises avaient une perspective. Il y avait les vaccins et il y avait l’espoir que les vaccins allaient agir rapidement et du coup c’est remonté. Actuellement, c’est l’inverse qui ce passe parce qu’il n’y a pas de perspective. On ne sait pas du tout où on va aller...”
Méi wéi een Drëttel vun de Betriber huet iwwerdeems uginn, datt si an den nächste sechs Méint domat rechnen, datt hir Rentabilitéit erofgeet.
Logement, Transport, Aarbechtszäitflexibiliséierung - wéi kann een dem Manktem u qualifizéierten an och onqualifizéiertem Personal zu Lëtzebuerg entgéintwierken? Op enger Table ronde vun der Handelskammer hu véier Patronen an d’Vertrieder vu siwe politesche Parteien ënnert anerem iwwert dës Erausfuerderung debattéiert, mat Bléck op d’Walen 2023.
De Chômage ass déif, ma d’Betriber fannen net genuch Mataarbechter - nieft engem héijen Absenteismus wieren de Logement an d’Mobilitéit den Haaptproblem, sou d’Carole Muller, Cheffin vun enger Bäcker-Chaîne a Presidentin vun der Handelsconfederatioun.
“Une vendeuse qui a un salaire minimum qualifié ou non qualifié avec une prime aujourd’hui ne peut presque plus se loger au Luxembourg. Donc elle doit se loger en dehors des frontières, en France, en Allemagne et a Belgique, mais à ce moment-là aura plus d’une heure de trajet, j’ai des gens chez moi qui me disaient il y a 4 ans j’avais 45 minutes pour venir au travail, aujourd’hui il y a une heure et demie.”
D’Leit missten d’Méiglechkeet kréien, éischter oder méi spéit, unzefänke mat schaffen, an och soss sech hir Aarbecht méi flexibel opdeele kënnen, sou d’Stéphanie Jauquet, Patronne vun engem Traiteur.
“Travailler aussi peut être sur 3 ou 4 jours par semaine. C’est 10 heures de travail par jour maximum, peut-être que des gens préfèrent venir 3 journées de 12 heures par jour travailler.”
Fir eng Vendeuse ass et vläicht net méiglech, ma an anere Secteure misst d’Prioritéit op engem Recht op Teletravail leien, sot de President vun de jonke Liberale Michael Agostini - och wann dat géing heeschen, datt d’Restauratioun sech anescht lokaliséiere wäert.
“On ne peut pas prendre la décision de ne pas promouvoir le télétravail pour sauver l’horeca. Il faudra soutenir l’horeca dans une transition dans un monde ou demain on aura peut-être moins de gens qui se déplacent vers des grans bureaux et il y aura plus une économie locale.”
Eng Ausso, iwwert déi aner Member um Panel sech schockéiert gewisen hunn. Fir den adr-Deputéierte Roy Reding da gëtt et eng Mesure, fir méi qualifizéiert Personal unzezéien, déi ganz kuerzfristeg ëmzesetze wier.
“On peut lever l’interdiction d’embaucher des non communautaires. Parce qu’il y a suffisamment des personnes qualifiées qui veulent travailler. Mais qui actuellement doivent aller par un processus incroyable au ministère des affaires étrangères. Pour les grandes banques ça va encore, parce que eux ils réussissent à faire passer leur demande. Mais les autres entreprises non.”
Nieft dem Manktem u Personal maache sech d’Betriber och Suerge wéinst natierlech den héijen Energiekäschten, awer och wéinst ëmmer méi administrativen Demarchen, déi Zäit a Geld géinge kaschten.