
De Wirtschaftsminister Lex Delles huet esou op d’Annonce vum Serge Allegrezza reagéiert, datt d’Luxtrust no der stonnelaanger Pann am Dezember un zousätzlechen technesche Léisungen schaffe géif, fir sech fir d’Zukunft besser opzestellen. Dat wat am Verwaltungsrot vu Luxtrust geschwat gouf, wier den éischte Schrëtt fir et besser ze maachen. Hie géif sech awer froen, firwat dat net schonn am Virfeld op den Dësch komm wier, sou de Lex Delles.
De liberale Minister ass d’Erklärungen vum Luxtrust-President eegenen Aussoen no aus der Press gewuer ginn. Den Dag vun der Pann hat de Lex Delles de Betrib ganz schaarf bei eis am Interview kritiséiert a virun allem och d’Monopolstellung vu Luxtrust hannerfrot. An och nom Verwaltungsrot vum Mëttwoch bleift de Wirtschaftsminister derbäi, datt ee misst kucken, wou ee mat aneren Acteuren zesumme schaffe kéint. Déi Iwwerleeunge missten an aller Rou gefouert ginn.
Alternativ Servicer zu Luxtrust sinn also manifestement an den Ae vum Lex Delles, nach net vum Dësch.
D’Argument vum Serge Allegrezza, déi 130 Leit, déi aktuell bei LuxTrust schaffen, missten dowéinst vläicht ëm hir Plazen fäerten, léisst de Lex Delles net gëllen. Luxtrust géif och an Zukunft e wichtegen Acteur bleiwen, mä dat do wier keen Argument fir e Betrib net an Zukunft resilient genuch opzestellen.
D’Zäiten hätte changéiert zanter datt Luxtrust mam Serge Allegrezza un der Spëtzt virun 20 Joer gegrënnt gouf, sou nach de Lex Delles.