Invité vun der Redaktioun (29. Januar)Serge Allegrezza, President vum Verwaltungsrot vu LuxTrust

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moien ass déi rezent Pann bei LuxTrust Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mëtt Dezember ass LuxTrust fir bal 24 Stonnen ausgefall. Keng Online-Iwwerweisung war zum Beispill méi méiglech, kee Log-In op MyGuichet an och eng ganz Rei Finanzentreprise ware betraff. De Wirtschaftsminister huet de Virfall “inacceptabel” genannt. De President vum Verwaltungsrot vu Luxtrust huet d’Pann als “peinlech” bezeechent.

Den Donneschdeg de Moie schwätze mer mam Serge Allegrezza doriwwer. Och iwwer d’Konsequenzen, d’Monopol-Stellung an de ville Phishing, also d’Bedruchsversich, am Numm vu LuxTrust. Den Interview ass wéi gewinnt live um 8 Auer.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO