Anil-Etüd soll opklärenWisou verloosse vill Infirmièren/Infirmiere scho fréi de Beruff?

Jeannot Ries
Et geet dem Beruff vum Infirmier, respektiv Infirmière hei zu Lëtzebuerg schlecht. Déi zoustänneg Beruffsassociatioun wëll reagéieren.
Anil-Etüd soll opklären
Et geet dem Beruff vum Infirmier, respektiv Infirmière hei zu Lëtzebuerg schlecht. Déi zoustänneg Beruffsassociatioun wëll reagéieren.

Wärend de leschte Méint gouf hire Beruff méi wéi jee, Systemrelevant. Se krute wärend der Covid-Pandemie spontan op der Strooss geklappt, d'Infirmièren an d'Infirmieren. Ma am Fong geet et hei am Land, hirem Beruff schlecht.

2010 war nach 1vun 3 Frontalier. 2019 koume schonn zwee vun 3 iwwer d'Grenz schaffen. Bis 2034 wäert een Infirmier, eng Infirmière vun zwou a Pensioun goen. Zuelen, eng Situatioun déi ze denke ginn. Déi Responsabel vun der Anil, der zoustänneger Beruffsassociatioun, wëllen elo konkreet reagéieren. Dofir gëtt den Ament eng wëssenschaftlech Etüd, zesummen mat der Uni Lëtzebuerg gemaach.

Link: Etüd "LËTZCARE" op anil.lu"D'Etüd gëtt Online duerchgefouert, anonym. An enger éischter Phase gi virun allem Froe gestallt: Wéi presentéiert sech d'Aarbecht? Et geet em d'Aarbechtsbedéngungen. Méi spéit wäerte mir ons mam Thema Gesondheet op der Aarbecht, Motivatioun, befaassen", sou d'Martha Fernandez de Henestrosa, Doktorantin op der Uni Lëtzebuerg.

D'Penurie verstoen an de Problem un der Wuerzel paken. Geet Haut iwwer de Beruff vun Infirmière, respektiv Infirmier Rieds, da gëtt sech virop op Bauchgefiller baséiert. Déi sollen elo duerch wëssenschaftlech Elementer komplettéiert ginn. Enger internationaler Etüd no verloossen Infirmieren, Infirmièren de Beruff fréi, mat engem Duerchschnëttsalter vun nëmme 37 Joer.

"Déi Tendenz ass sécherlech och do. Et mierkt een och ëmmer, dazt d'Leit no Plaze sichen, wou se duerno och manner Schichte musse schaffen, wou se net méi sou direkt mam Terrain confrontéiert sinn. Dat ass och eist Gefill. Ma mir hunn leider keng Zuelen", esou d'Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der Beruffsassociatioun Anil.

Konkreet Léisungsvirschléi wëllen déi Responsabel vun der Anil um Enn mat op de Gesondheetsdësch huelen.

"Datt een duerno op Basis vu Fakten de Problem kann ugoen. Am Sënn vun Evidence based practice", esou d'Anne-Marie Hanff weider.

Am internationale Verglach verdéngt d'Infirmière zu Lëtzebuerg scho ganz gutt. D'Pai ass dann och manner en Element, wann et drëms geet dem Beruff de Réck ze dréien.

"Ech hunn éischter d'Gefill, dass dat eppes ass, wat se am Beruff hält. Well wann ee sech ëmorientéiert, da mierkt een, datt een op anere Plazen net dat nämmlecht verdéngt an och net sou e Kollektivvertrag huet", esou d'Presidentin vun der Anil.

Méi jonk Residente fir de Beruff begeeschteren, eng weider Erausfuerderung. Stéchwuert Formatioun.

"Do si mer frou, datt do elo och ugesat gëtt, dass do elo nach e Bachelor geschafe gëtt. Ma da muss een natierlech och déi aner Säit vum Problem kucken. Dat ass: Wat sinn d'Grënn, firwat d'Leit de Beruff fréi verloossen? Oder wat sinn och d'Grënn, déi se dran halen? Dat wollte mer och mat der Etüd besser verstoen", esou d'Anne-Marie Hanff.

Back to Top
CIM LOGO