Zweete WeltkrichWolz gedenkt den Affer vum Generalstreik géint d'Zwangsrekrutéierung

Christophe Hochard
Haart a brutal hunn d'Nazie géint de Generalstreik duerchgegraff. 21 Mënsche goufen zum Doud verurteelt.
Wolz gedenkt den Affer vum Generalstreik géint d'Zwangsrekrutéierung
Haart a brutal hunn d’Nazien si géint de Generalstreik duerchgegraff. 21 Mënsche goufen zum Dout verurteelt.

Virun 81 Joer huet Lëtzebuerg mat engem Generalstreik op d’Zwangsrekrutéierung vun den Nationalsozialiste reagéiert. Mat enger Gedenkzeremonie ass en Donneschdeg zu Wooltz un d’Evenementer an d’Affer vu virun 81 Joer geduecht ginn.

1940 ass Lëtzebuerg vun Nazidäitschland besat ginn. Am nämmlechte Joer sinn zu Lëtzebuerg déi éischt Resistenzorganisatioune géint déi Däitsch entstanen. Am ganze sinn 10.200 jonk Lëtzebuerger tëscht 18 a 24 Joer fir déi däitsch Arméi zwangsrekrutéiert ginn. Beim nationale Streikmonument zu Wooltz gouf un d’Affer vum Generalstreik geduecht. D’Wëlzer Buergermeeschtesch, Carole Weigel:

“D’Leit aus allen Schichte vun der Bevëlkerung hunn deemools zesummen hier Aarbecht néiergeluecht, fir sech och zesumme fir hier Fräiheet anzesetzen a géint d Ënnerdréckung ze kämpfen.”

Zwee Gemengenemployéen, véier Schoulmeeschtere vu Wooltz, a weider 15 Leit aus dem Rescht vum Grand-Duché goufe wéinst hirer Resistenz zum Doud verurteelt. Zu Wooltz stoungen en Donneschdeg dann och déi rout Panneaue mat den Nimm vun de Verurteelten, déi deemools vun den Nazien uechtert ganzt Land verdeelt goufen. Dorop ze liesen: “Michel Worré”, de Papp vun engem Zäitzeien, deen eis iwwert seng Erliefnisser verzielt huet, den Albert Worré.

“Ech war zu Dikrech am Lycée, ech war zu Lëtzebuerg erausgeflunn, well ech net an d’Hitlerjugend gaange war. An du sinn ech am Zuch Moies op Ettelbréck komm an dunn hu se zu mir gesot ‘Géi Heem bei deng Mamm, däi Papp ass erschoss ginn, et hänke Plakater op.’”

D’Resistenzler ware jonk. 1940 hat d’Hallschent vun hinne manner wéi 26 Joer, 5 Prozent esouguer manner wéi 16 Joer.

Eng weider Zäitzeie verzielt vun der Resistenz géint den Naziregimm an den Erliefnisser zu Lëtzebuerg. Si war den Ament vun der Zwangsrekrutéierung 8 Joer al.

“Brucken Anni, also dat war eng Schoulkomerodin vu mir. Wéi d Schoulmeeschteren dunn erschoss waren, do hunn se déi Plakater am Schoulbierg, wou d’Schoul war, do ware sou grouss Lannebeem, hu se déi do opgepecht. An do huet d’Anni gelies, dass säi Papp erschoss gi war. Also dat ass eng Zeen, déi vergiessen ech ni.”

Ronn 70 Joer ass et op europäeschem Terrain kee Krich méi ginn. An dësem Kontext ass un d’Ukrain erënnert ginn, wou och couragéiert Leit, wéi 1942 zu Lëtzebuerg, géint Ënnerdréckung a fir Fridden, hiert Land, an Onofhängegkeet kämpfen.

Back to Top
CIM LOGO