Eng dovunner soll d’Shuk, déi aktuell Noutstruktur um Kierchbierg, ersetzen. Geplangt ass och ee Gebai fir Persounen, déi nees heemgeschéckt ginn. Och 6 Klassesäll, Sportinfrastrukturen, Raimlechkeete fir medezinesch a psychosozial Betreiung an administrativ Servicer si virgesinn. Dat geet jiddefalls aus dem Projet ervir, deen am Oktober 2021 an der Bautekommissioun vun der Chamber virgestallt gouf. Zesumme mat anere groussen Infrastrukturprojeten, déi d’Parlament autoriséiere muss, fir datt Etüden an detailléiert Avant-projete kënne finanzéiert ginn.
Wou ass de Projet um Iergäertchen haut drun? Déi virentscheedend Etüde wären ofgeschloss, äntwert de Bauteministère op RTL Nofro. Elo géif op d’Decisioun vu Regierung a Gemeng gewaart, wéi et soll weidergoen.
“D’Land ass awer nach méi grouss wéi d’Stad!”
“Do gëtt et näischt Neits”, seet d’Lydie Polfer. D’Stater Buergermeeschtesch war vun Ufank u géint de Projet. D’Plaz wär net ideal, fir Leit do iwwer laang Zäit ënner ze bréngen. Esou vill Mënsche beieneen, domadder géif een e Ghetto provozéieren. Hat d’Gemengemamm an engem RTL-Reportage am Mäerz 2022 argumentéiert.
Nom Gemengerot e Méindeg drop ugeschwat, ob den Drock op d’Stad net wuesse géif, wéinst den iwwerlafene Flüchtlingsstrukturen an de Waardelëschte fir Männer, déi schonn an engem aneren EU-Memberstaat eng Demande fir Asyl agereecht hunn, äntwert d’DP-Politikerin “op alle Fall op d’Stad net, well mir hu schonn déi Allermeeschten an d’Land ass awer nach méi grouss wéi d’Stad.”
Den zoustännege Ministère fir den Accueil äntwert an enger schrëftlecher Stellungnam: “Dëse Projet gëtt op Basis vun de verschidden Etüde vum Bauteministère vun der neier Regierung analyséiert an doropshi ginn och Decisioune geholl. E genauen Datum steet nach net fest.”
Wéini an ob iwwerhaapt eng Noutstruktur fir Flüchtlinge beim Iergäertchen entstoe wäert, ass also och, 2 Joer nodeem de Projet an der Chamberkommissioun virgestallt gouf, nach ëmmer net definitiv gekläert. Dat an Zäiten, wou dës Plaze méi dréngend wéi jee gebraucht ginn.