Banken a Betriber"Wucherzënsen" fir Kreditlinnen?

RTL Lëtzebuerg
Méi wéi 5% Zënse fir eng Kreditlinn. Dat freet e Banquier vun der BGL BNP Paribas vun engem Betrib, deen am Moment muss wéinst der Coronakris zousinn.

Dofir ginn et Erklärungen.

Wucherzënsen/Reportage François Aulner

Den Taux fir eng Ligne de crédit besteet aus 3 Haapt-Elementer : Wéi deier muss d’Bank fir de Cash bezuelen? Wat ass de Risk? An dann awer och eng Marge. Eng Bank bleift e Privat-Betrib an ass „keng Charitéit“, seet de Claude Wampach, ee vun den Direkteren vun der Iwwerwaachungskommissioun, der CSSF. Wann d‘Bank Sue léint, da gesäit se déi Suen gär zeréck.

Et misst een och d‘Bankekris vun 2008 am Kapp behalen: Banken solle méi virsiichteg sinn an net ze vill Risken huelen: „D‘CSSF passt drop op, datt d’Risikoaschätzung mat am Präis ass (…) anerwäerts mëscht sech d’CSSF net an d’Geschäftspolitik vun de Banken an, dat heescht, d’Tauxe ginn iwwert d’Konkurrenz tëscht de Banke bestëmmt.“

Ass den Taux vu 5,35% awer net schonn en Indicateur, datt de Risk héich ass a besser net accordéiert gi soll? „Eng Bank muss decidéieren, ob se deen dote Risiko wëll huelen oder net. Banken huelen och verschidde méi héich Risiken, mee loossen sech awer dofir bezuelen“, sou de Claude Wampach.

Eng Ligne de Crédit ënnerscheet sech och vun engem klassesche Prêt, wou méi kloer Berechnunge kënne gemaach ginn. Bei enger Ligne de Crédit gëtt et méi Ongewëssheete fir d’Banken. Doriwwer eraus wier Cash am Moment besonnesch deier, well wéinst der Coronakris Liquiditéiten op de Marchéë feelen.

Positioun ABBL

D’Bankenassociatioun ABBL schreift op Nofro hin: D’Banken examinéieren all Demande op Basis vun der individueller Situatioun vum Client a wéi eng Garantien e ka ginn oder net. Perséinlech Cautionnementer kéinte gefrot ginn. Donieft géing dem Historique vun de Prête vum Client Rechnung gedroe ginn.

Fir ofzeschléissen seet d’ABBL, d’Banken hätte sech engagéiert net vun der Krisesituatioun ze profitéieren.

Reaktioun BGL BNP PARIBAS

Aus Vertraulechkeetsgrënn deelt d’Bank keng Detailer aus Clientsdossiere mat. D’Tauxe géingen awer reegelméisseg iwwerpréift an adaptéiert ginn, fir de Clienten "beschtméiglechst an dësem exzeptionelle Kontext ze hëllefen", sou d’BGL BNP Paribas.

Et gëtt kee legale Seuil vun Zënstauxen, vun deem un en Taux als "usuraire" oder "Wucher" ugesi wier.

Back to Top
CIM LOGO