
Dat geet aus enger Etüd vun der Organisatioun Equilibre, mat der Ënnerstëtzung vum Wirtschaftsministère, ervir. Deemno sinn déi Leit, déi di bescht Interaktioun mat hire Kollegen hunn, och am glécklechsten op der Aarbecht.
Liicht Ënnerscheeder gëtt et awer jee no Alter, Geschlecht an ob déi betraffe Persoun Kanner huet oder net. Sou ass d'Haaptmotivatioun fir schaffen ze goen, bei den 21 bis 29-Järegen a bei den iwwer 50-Järegen, de Salaire. Fir déi 30 bis 39-Järeg ass dat Wichtegst, dass si intellektuell erausgefuerdert ginn an d'Gefill hu Member vun enger Equipe ze sinn.
Deel vun engem Team ze sinn ass och fir déi iwwer 50-Järeg ee vun den Haaptfacteuren, fir frou ze sinn op der Aarbecht.
Fir Leit tëscht 40 an 49, droe flexibel Aarbechtszäite wesentlech dozou bäi, dass si sech op der Aarbecht wuel fillen.
Kuckt een op d'Ënnerscheeder tëscht Mann a Fra, fält op, dass d'Haaptmotivatioun bei de Männer de Salaire ass. Fir Fraen ass am wichtegsten, dass si intellektuell erausgefuerdert ginn.
Eltere sinn an der Reegel méi gestresst an deemno och méi onzefridden op der Aarbecht, wéi Leit ouni Kanner. D'Etüd huet awer erginn, dass Eltere méi wichteg ass, dass si op der Aarbecht intellektuell erausgefuerdert ginn, wéi dass si flexibel Aarbechtszäiten hunn.
Fir méi wéi d'Halschent vun de Leit, déi bei der Etüd matgemaach hunn, soll een als Chef dräi Haaptcharakteristiken hunn. Am wichtegsten ass et, dass d'Kommunikatioun tëscht dem Chef an der Equipe kloer an däitlech ass. Da soll dëse Selbstvertrauen an Iwwerzeegung ausstralen an eng kloer Richtung virginn.
Ob een eleng oder mat méi Leit an engem Büro sëtzt, huet manner Afloss op d'Wuelbefannen op der Aarbecht. Allerdéngs huet d'Majoritéit vun de Leit, déi gefrot goufen uginn, dass si léiwer hiren eegene Büro hätten.