
Secteuren, déi dem Statec no den Impakt vum negative Wuesstem am meeschten am Grand-Duché ze spiere kruten, sinn de Bau an d’Reesagencen.
Trotz den inflationisteschen Tendenze gesinn d’Responsabel vum Statec e Wuesstemspotential tëscht 2,5 an 2,75% fir dëst Joer, iwwerdeem d’Paie weider wéinst dem Index klamme wäerten. D’Praisdairecht dierft sech dëst Joer bei 1,5% apendelen.
Wat d’Beschäftegung speziell am Finanzsecteur ugeet, sou wäert dës manner séier evoluéiere wéi soss an deem Beräich.
Dës Informatioune goufen et den Dënschdeg de Moie vum Statec an der Chamberfinanzkommissioun, wou de Budgetsprojet am Mëttelpunkt vun den Debatte stoung.