Uni LëtzebuergYves Elsen bleift President vum Conseil de gouvernance

RTL Lëtzebuerg
Den Yves Elsen, Administrateur délégué vun der Firma Hitec, bleift fir weider fënnef Joer President vum Conseil de gouvernance vun der Uni Lëtzebuerg.

Dat huet déi blo-rout-gréng Regierung an hirer leschter Reunioun Mëtt November festgehalen, wéi am Memorial ze liesen ass. D’Yvonne Flour, Professorin vun der Uni Paris 1 Panthéon-Sorbonne, iwwerhëlt d’Mandat vun der Vize-Presidentin. Och si war virdru scho Member vum Conseil de gouvernance vun der Uni Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO