Projet de loiZäitspuerkonten och am Privatsecteur

RTL Lëtzebuerg
D'Gesetz soll virum Summer nach a Kraaft trieden.

Mëtt Juli d’lescht Joer ass an der Chamber d’Gesetz iwwert déi sougenannten Zäitspuerkonten an der Fonction Publique gestëmmt ginn. Schonn am Dezember 2016 hat d’Regierung sech dozou verflicht. Et ass fir Beamten deemno méiglech, zousätzlech geschaffte Stonnen op engem Kont unzesammelen a spéiderhin dann als fräi Deeg eranzehuelen.

A ganz geschwënn gëtt et dat och am Privatsecteur. De relative Projet de Loi ass en Donneschden an der zoustänneger Chamberkommissioun guttgeheescht ginn.

De Grondprinzip vun der voller Stonn geschafft / eng voll Stonn fräi wäert och am Zäitspuerkonte-Gesetz am Privatsecteur spillen.

De Rapporter vum Projet de Loi, den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten, ass frou, dass d’Aarbecht an der Kommissioun relativ séier gaangen ass, well et jo e Projet ass, dee scho Joerzéngten an der politescher Diskussioun war.
D’Ëmsetzung soll och net laang op sech waarde loossen.

Zäitspuerkonten Privatsecteur / Joël Detaille

"Dat geet relativ séier. D'Gesetz trëtt och direkt a Kraaft a vun do u kënnen am Privatsecteur alleguerten déi Salariéen, déi an engem Kollektivvertrag sinn, respektiv an engem intraprofessionelle Vertrag, Congé uspueren, Congé sammelen, an dann eng Kéier eng Auszäit huelen. Ech insistéieren, dass et vill Ursaache gëtt, wou een emol méi Zäit brauch fir sech a seng Famill. Et ass net just esou, dass d'Leit doduercher solle méi grouss Vakanze maachen, mä et ass schonn esou, dass an Zäiten, wou een doheem méi gefuerdert ass, sech méi Zäit kann huelen, an dat ass eng gutt Saach."

Dat fënnt een och bei der Oppositioun, well de Rapport an der Kommissioun nämlech unanime ugeholl ginn ass. Den CSV-Norddeputéierten Ali Kaes schwätzt am Hibléck op de Modell an der Fonction Publique vun enger ausgläichender Gerechtegkeet.

"Lo kënnt dat Ganzt fir de Privatsecteur an et ass gutt, dass souwuel deen een wéi och deen anere Secteur déi Méiglechkeet huet. D'Gesetz gesäit jo eng Rëtsch Méiglechkeete vir, wéi een Liewenszäit kann uspueren. Et ass e positiivt Gesetz, firwat mer och bereet sinn, de Projet de Loi mat ze ënnerstëtzen."

An der nächster Sëtzungswoch soll dem Rapporter no dat Ganzt duerchgoen, sou dass et och nach virum Summer kéint a Kraaft trieden. D’Modalitéite spillen och hei vu maximal 1.800 Stonnen, déi däerfen ugesammelt ginn, eben genee wéi och bei de Fonctionnairen. Wichteg nach ze betounen, dass och kee Salarié géint säi Wëlle gezwonge ka ginn, säin Zäitspuerkont ze fëllen.

Back to Top
CIM LOGO