
Wéi d’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire matdeelt, gouf d’kleng Zalot mat Nëss a Quinoa aus de Regaler vum Delhaize geraumt.
De Grond fir de Réckruff ass eng Belaaschtung mat Aflotoxinnen, déi sech entwéckele kënne, wann d’Temperatur an d’Loftfiichtegkeet bei der Lagerung ze héich sinn. Wann dës reegelméisseg an héijen Dosen ageholl ginn, kënne se gesondheetsschiedlech sinn a kënne Kriibs ausléisen.
An engem weidere Scheiwes en Dënschdeg gouf den Datum, wou dës Produite verkaf goufen, liicht ugepasst. Se goufen nämlech net eréischt vum 29. Februar u verkaf, mä scho vum 23. Febraur.

Iwwerdeems mellt d’Liewensmëttel- a Veterinär-Administratioun, dass d’Brout vun der Marque “La Lorraine” zeréckgezu gouf. Dat well Keramiksstécker kéinten enthale sinn. Betraff sinn d’Produiten, déi vum 5. bis den 8. Mäerz an der Vente waren.
