Zanter 2014 wier op d'Gefor vun der Schwéngspescht higewise ginn. Mam Appell, méi Déieren ze schéissen, well d'Densitéit ze héich ass. An déi Densitéit ass den Ament wieder ze héich, sou de Laurent Schley vun der Naturverwaltung ANF.
D'Ausso, dat et den Ament net méiglech wier, de Bestand u Wëllschwäin erof ze setzen ass falsch. D'Jeeër däerfen am ganze Land, ausserhalb vum Bësch schéissen. An der Iwwerwaachungs Zone däerf och am Bësch geschoss ginn. Do däerfen och Klappjuegten, ouni Hënn organiséiert ginn. En Dèenschdeg de Moie gouf et nach emol den Appell vum Landwirtschaftsminister Romain Schneider un d’Jeeër, no engem Positive Joer 2018, wieder Hand mat unzepaken.
An der Zone Blanche, tëscht Belschem a Lëtzebuerger Zonk, solle wa méiglech all d'Wëllschwäi geschoss ginn. E Plan de réductioun gëtt den Ament ënnert dem Lead vum Landwirtschaftsminister ausgeschafft a wäert Mëtt Mee, wann de Lëtzebuerger Zonk bis steet, tëscht Lénger a Grass aktivéiert ginn.