
Iwwer déi leescht Jore gekuckt, géing een definitiv eng Hausse feststellen.
D’lescht Joer wier een am Schnëtt bei 180 Leit pro Nuecht gewiescht, déi een Daach iwwer dem Kapp gesicht haten. An der Nuecht vum 20. op den 21. Dezember hätt een elo zum Beispill 239 Leit logéiert, erkläert d‘Cyrielle Chibaeff, Gerante vun der Wanteraktioun.
“On a aussi une petit augmentation dans notre foyer du jour, puisqu‘on accueille les personnes aussi pour leur offrir un repas chaud le midi et un lieu de repos et aussi l’accès à des services socio-éducatifs, du suivi social et également des activités socio-éducatifs et un vestiaire d’urgence. Le midi on accueille 130 personnes la semaine et un peu plus le week-end. L’an dernier on a quand même servis 15.000 repas sur 150 jours, 54.000 petits-déjeuners et déjeuners pour 27.000 nuitées.”
An de leschten Deeg hunn eng Rei Sans-abrisen um RTL-Mikro gesot, dass d’Wanteraktioun hinnen ze onsécher wier. Dat léisst d’Gerante awer net gëllen.
“Je pense que la sécurité est un sentiment tout à fait personnel. Ici on a des solutions factuels. On a des équipes qui se relayent 24h sur 24 et 7 jours sur 7 pour assurer la sécurité des biens et des personnes. Nous sensibilisons les personnes que nous accueillons à mettre leurs affaires en sécurité. Nous avons des casiers.”
D’Leit dierfte souguer och mat hiren Hausdéiere kommen a missten dës net zeréckloossen. Och dat wier fréier e Grond gewiescht fir vill Leit, dobaussen ze schlofen. Dat wier awer elo net méi néideg, sou d’Cyrielle Chibaeff vun der Wanteraktioun.