Zanter Oktober d’lescht Joer gëtt un der neier Patton-Bréck zu Ettelbréck geschafft.
Déi fäerdeg, nei Patton-Bréck ass duerno 147 Meter laang, 17 Meter breet a bréngt 1200 Tonnen op d'Wo. Si entsteet am Kader vum neie Pôle d’Echange. Käschtepunkt: 150 Milliounen Euro.
Si soll den Zentrum vun der Nordstad entlaaschten. Nom Congé collectif wäert d’Bréck iwwer d’Eisebunn gedréckt ginn.
Méi an Toun a Bild gëtt et geschwënn an engem Tëleesreportage.