
Doropshi sinn d'Beamten dem Auto nogefuer, fir de Chauffer op säi Feelverhalen opmierksam ze maachen. Dësen huet sech awer net vun der Sireen an de bloe Luuchte beandrocke gelooss an huet sech a Richtung Belval duerch d'Bascht gemaach. An der Avenue du Blues konnt d'Gefier ermëttelt ginn.
Bei der Kontroll koum eraus, dass de Chauffer net de Besëtzer vum Gefier war an de Contrôle technique zanter e puer Méint ofgelaf war. Ee vun de Bäifuerer war der Police wéinst enger Contrainte par Corps bekannt a bei deem anere goufe 7 Gramm Haschisch fonnt. Wéi am Police-Bulletin ze liese steet, gouf d'Geldzomm, déi nach opstoung, bezuelt, an d'Droge saiséiert. Deejéinegen, dee gefuer ass, gouf protokolléiert.
Géint 23.10 Auer huet d'Police eng weider Kéier missen am Süde vum Land intervenéieren. Op der A13 a Richtung Schëffleng war eng Persoun ënner Alkoholafloss ënnerwee. Den erlaabten Héchstwäert gouf hei iwwerschratt. De Mann huet sech de Poliziste géintiwwer provokativ, onkooperativ a beleidegend verhalen an huet refuséiert, en zweeten Alkoholtest ze maachen, wéi och e Blutttest duerchféieren ze loossen. Well hie sech net un d'Ausgangsspär gehalen huet, krut hien en Avertissement taxé a gouf protokolléiert, well hie géint de Code de la route verstouss huet.
Zu Hamm hat e Cyclist ze déif an d'Glas gekuckt. Géint 20.30 ass de Vëlosfuerer an der Rue de la Montagne gefall. Hie gouf op der Plaz behandelt a koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Donieft gouf e Fuerverbuet ausgestallt.