D'Associatioun "Zesumme fir Inclusioun" ass fir dëse Geste responsabel.
Nom Escher Jugendhaus d'lescht Joer geet de Präis dëst Joer un d'"Reboredo's Musek-Schoul". De Musektherapeut Joao Reboredo setzt sech fir Kanner mat spezifesche Bedürfnisser an. Iwwer d'Nouten an de Klang versicht hien, déi jonk Leit an d'Gesellschaft z'integréieren an hinnen d'Angscht virum Sangen ze huelen.