
D’Persounen op de Fotoen hu sech tëscht 3.55 Auer a 4.20 Auer duerch déi hënnescht Terrassendier Zougang zu engem Haus an der Rue de la Croix zu Dikrech verschaf.

Dobäi hunn déi onbekannten Täter Wäertsaache matgoe gelooss, dorënner elektronesch Géigestänn.
An deem Zesummenhang sicht d’Police no Indicen, déi d’Identitéit vun der Persounen op de Fotoe kéint klären.

All Informatioune si fir d’Police vun Dikrech a Veianen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 80 1000 oder iwwer Mail (police.diekirchvianden@police.etat.lu).