
Enger Automobilistin, déi vu Bidscht a Richtung Heischtergronn ënnerwee war, ass e wäisse Liwwerwon op hirer Spuer entgéintkomm, nodeems dëse warscheinlech e Camion iwwerholl hat. Dowéinst huet si misse staark ofbremsen. De Chauffer hannert hir huet dëst allerdéngs ze spéit gemierkt an ass hir hannendrop gefuer. Dobäi huet d'Fra d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer, ass an de Géigeverkéier geroden a krut dobäi 2 aner Autoen ze paken. Wéi et vun der Police heescht, wier de Liwwerwon weidergefuer.
Beim Accident gouf eng Persoun liicht blesséiert, konnt d'Spidol awer nees no kuerzer Zäit verloossen.
En Dënschdeg de Mëtteg huet d'Police en Zeienopruff lancéiert. Gesicht gëtt nom Chauffer vum Liwwerwon an no där Persoun, déi an deem betraffene Camion souz. All Informatioune si fir d'Police ënnert der Telefonsnummer (+352)244 89 1000 oder per Mail op police.ardennes@police.etat.lu.