Am LokalenZeienopruff no Brand zu Zéisseng

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg am Nomëtteg hunn de Späicher an den Daach vun engem Gebai an der Rue Verte gebrannt, dat eidel steet.
© RTL

Wéi d'Police mellt, wieren d'Läschaarbechten net ganz einfach gewiescht. Weider heescht et, dass Brandstëftung net auszeschléissen ass.

Zeie si gebieden, sech bei der Police (113) ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO