
Déi zwou gesichte Persoune gi verdächtegt, e Portmonni geklaut ze hunn an duerno Sue mat de Kreditkaarten opgehuewen ze hunn. Dofir freet de Policebüro "Porte de l'Ouest" (Stroossen) elo Hëllef bei der Identifizéierung.


All nëtzlech Informatioune si fir de Policebüro Porte de l'Ouest um Telefon 244 35 1000, oder via E-Mail op police.portedelouest@police.etat.lu.