
D’Patiente Vertriedung ASBL fuerdert eng sougenannt Zocker-Steier op Softdrinken hei am Land. Am Ausland hätten esou Mesure scho fir eng Reduktioun vun der Consommatioun vu Cola a Limonad gesuergt, respektiv d’Produzenten hätte Versioune mat manner Zocker dran op de Marché bruecht.
D’ASBL berifft sech op e rezente Rapport vum Observatoire national de la santé iwwer d’Gesondheet vu Kanner. Dësem no riskéieren ëmmer méi Kanner iwwergewiichteg ze ginn oder Probleemer mat Karies ze hunn.