InformatiounsversammlungZonk zu Lénger: "E Gedeessems sonnergläichen"

Monique Kater
Fanny Kinsch
Kevin Kayser
D'Regierung wollt séier handele mam Drot zu Lénger. Ma si hunn domadder an de betraffene Gemenge fir vill Froe gesuergt.
VIDEO: Opreegung ronderëm den Zonk zu Lénger
Op der Informatiounsversammlung zu Kënzeg, vum Käerjenger Buergermeeschter ageruff, gouf der Roserei fräie Laf gelooss.

Vill Opreegung gëtt et weider ronderëm den Zonk, deen zur Belsch hi gezu gëtt, fir z'evitéieren, dass d'Schwéngspescht op Lëtzebuerg kennt. En Donneschdeg den Owend war eng Informatiounsversammlung zu Kënzeg vum Käerjenger Buergermeschter initiéiert "eng Versammlung, déi längst fälleg war", schreift ee Grupp vu Bierger mam Numm "De Lénger Drot" am Dossier Schwéngspescht wier noléisseg an ze spéit gehandelt ginn.

Déi 4 Representante vun Agrarministère, Arméi, Naturverwaltung an Ponts et Chaussées, déi de Leit op der Versammlung Ried an Äntwert stoungen, kënnen u sech fir näischt, a sinn och kaum responsabel fir dem Michel Wolter seng momentan Ondugenheet. Déi geet op de Kont vun der Regierung, vun de Ministere Dieschbourg a Schneider.

Inhaltlech, juristesch a wat d'Kommunikatioun mat Gemengen a Baueren ugeet, wiere se méi wéi donieft. An der Chamber hätt de Landwirtschaftsminister him esouguer eng gekréckelt. Dokumenter mat den Autorisatioune fir dierfen en Zonk opzeriichten, hätt d'Gemeng eréischt zënter dem 4. Abrëll a vu Reunioune gouf et och keng Spur.

Et wiere Reunioune mat de technesche Servicer vun de Gemenge gewiergt, huet de Minister dem Michel Wolter gesot. Dësen hätt net gären eng gekréckelt, mä hie wëll de genaue Verlaf vum Drot kennen, fir datt hien als Buergermeeschter vun der betraffener Gemeng weess, wat si am Gaange si mat bauen. Dat ass och bei der aktueller Ufro net dobäi. Et ass, wéi eng Baugeneemegung ouni Plang, esou de Käerjenger Gemengepapp.

E Gedeessems sonnergläichen, dee Gedanken goung hei am Sall wuel jiddwerengem duerch de Kapp: "Ze spéit, hutt der ugefaangen, mat de preventive Mesuren", "Mat eis huet kee geschwat", "Firwat leeft deen Drot laanscht d'Vëlospiste, also do wou Leit ënnerwee sinn, an déi eventuell eng Kugel kéint erwëschen?"

An dann, déi ass och net schlecht, läit dem Bauer Kerger säi Betrib einfach emol flatsch an der Zone Blanche. Do wou d'Béischte lafen, d'Ställ, eben alles. Hie krut elo vun de Vertrieder op der Plaz verséchert, datt ee sech géif zesummesetzen. Ma den Änder Kerger hat schonn den 21. Mäerz en Alternativplang bei Ponts et Chaussées eragereecht, dee wuel keen interesséiert huet.

En anere Kënzeger Bauer, de Claude Kirsch, bedauert, datt d'Leit vun de Vertrieder zwar vill Äntwert kritt hunn, awer net op dat, wat ee sech erwaart hat. Elo misst ee kucken, wéi et weidergeet.

D'Haaptsaach d'geet emol virun, am Dossier Schwéngspecht. Schwéngsbauere gëtt et an dëser Géigend iwwregens keng.

Minister Schneider: Präventivmoossname geholl

"Natierlech verstinn ech, datt d’Leit sech Froe stellen, wann en Zonk opgeriicht gëtt", seet den LSAP-Landwirtschaftsminister Romain Schneider. D’Leit kéinten hir Doleancen och matdeelen a géifen dann eng Äntwert kréien.

Awunner aus der Gemeng Käerjeng haten en Donneschdeg op enger Informatiounsreunioun hir Bedenke vis-a-vis vun deem Zonk ausgedréckt. Den Zonk soll eng sougenannte Zone Blanche clôturéieren, an där d’Wëllschwäin verstäerkt geschoss ginn an duerch déi soll verhënnert ginn, datt d’Schwéngspescht vun der Belsch op de Lëtzebuerger Territoire eriwwerkënnt. Et wier effektiv un der Zäit, d’Informatiounen iwwert déi Zone Blanche nach eng Kéier méi detailléiert ze kommunizéieren, esou de Romain Schneider. Et wier keng Schwéngspescht am Land an et kéint een och normal an där Zone zirkuléieren.

Extrait Romain Schneider

Op Demande vun der Landwirtschaftskammer an de Schwéngsbaueren un de Landwirtschafts- an den Ëmweltministère fir Präventivmoossnamen ze huelen, hätt een am Regierungsrot decidéiert, séier ze handelen an d’Clôture ze bauen. De responsabele Minister fir d’Ponts&Chaussées a fir d’Arméi François Bausch hätt doropshin séier d’Leit zur Verfügung gestallt. Doduerch hätt een net sou vill Zäit gehat d’Leit am Virfeld z’informéieren, ma et géing ëm d’Solidaritéit mat de Bauere goen, sot de Romain Schneider.

Onzefridden iwwert d’Aart a Weis wéi de Bau vum Zonk ofgelaf ass, ass allerdéngs nach ëmmer de Käerjenger CSV-Buergermeeschter Michel Wolter. D’Regierung hätt eréischt um Donneschdeg eng Autorisatioun bei senger Gemeng ugefrot.

Extrait Michel Wolter

An der Wallonie dierf een a verschiddenen Deeler vum Bësch, dee bis elo wéinst der Schwéngspescht gespaart war nees eran. 2.000 Hektar sinn elo nees op, déi aner 14.000 Hektar bleiwe weiderhin zou.

D’Belsch hätt de Feu vert vun den europäeschen Autoritéite kritt, fir e Stéck vum Bësch erëm opzemaachen, seet de Lëtzebuerger Landwirtschaftsminister Romain Schneider. D’Lëtzebuerger Regierung wier a reegelméissegem Kontakt mat de belschen Autoritéiten a wier selbstverständlech informéiert gewiescht.

VIDEO: Extrait Romain Schneider
De Landwirtschaftsminister iwwert d'Situatioun an der Belsch.

© Service public Wallonie

De Communiqué vum Grupp "De Lénger Drot"

Communiqué de Presse vum Grupp «De Lénger Drot» (vum 5. Abrëll)

Eng kuerzfristeg, vun der Gemeng Käerjeng organiséiert Versammlung gëschter (Donneschdeg, de 4. Abrëll) zu Kënzeg am Festsall huet bëssen Kloerheet an den Dossier „Bekämpfen vum Ausbreeden vun der afrikanescher Schwéngspescht" bruecht.

Eng Versammlung déi viru Wochen, virum Bau vum Drot hätt missten ofgehalen ginn!

A bal kengem Punkt konnten déi vill uwiesend Leit aus der Gemeng Käerjeng zefridde gestallt ginn.

Et ass nach méi kloer ginn, mat welcher Noléissegkeet an deem Dossier geschafft gëtt. Et gëtt eréicht da reagéiert wann et brennt. Vun virausschauender Politik si mir wäit ewech.

Ausserdeem huet de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter nach emol ganz däitlech gemaach, datt den Drot an der absoluter Illegalitéit opgeriicht gëtt. Net emol déi Prozeduren sinn agehale ginn!

Et huet sech an den Diskussiounen eraus gestallt, datt „Ponts et Chaussées" beoptragt ginn ass, den Tracé fir den Drot festzeleeën. Den Tracé ass um Bildschierm (!!!) festgeluecht ginn, keen Verantwortlechen vu „Ponts et Chaussées" nach Forstverwaltung hunn sech d'Méiglechkeeten vum Tracé um Terrain ugekuckt. Vëlospist PC12 huet hinnen den „onkomplizéierste Wee" geschéngt.

Dat ganzt ass begrënnt ginn, datt en enormen Zäitdrock besteet, säit September 2018 sinn déi éischt Fäll vun afrikanescher Schwéngspescht an der Belsch bekannt, iwwer 6 Méint an elo ass Zäitdrock!!! Net ze verstoen ass dann, datt de Bau vun 8 km Drot op deem liichten Tracé bal 2 Méint dauere soll!!! Ass dat Zäitdrock?!? Samschdes an Sonndes gëtt gerascht, komeschen Zäitdrock...

Aus purer Lidderegkeet ass den Tracé net op Grenz mat der Belsch komm, aus purer Lidderegkeet gëtt akzeptéiert, datt d'Schwéngspescht ongehënnert op Lëtzebuerger Buedem kënnt, aus purer Lidderegkeet gëtt akzeptéiert datt d'Leit aus der Gemeng Käerjeng an vläicht aus dem ganzen Land ënner den Konsequenzen vun der afrikanescher Schwéngspescht musse leiden.

Direkt sinn aus dem Publikum Virschléi komm vu méiglechen Tracéen, vill méi no un der belscher Grenz, laanscht grouss Bëschweeër déi ouni Problem mat grousse Maschinnen befuerbar sinn, leider waren déi Méiglechkeeten um Bildschierm vun der „Ponts et Chaussées" net ze gesinn.

Wéi déi „Zone blanche" vun ca 5000 Ha soll « schwäifräi » gemaach ginn, wéi den Minister Schneider dat an der Press ugekënnegt huet weess keen, et gëtt et nach kee Plang!!!

Et gëtt och kee Plang wéi de Rescht vun der Grenz mat der Belsch soll geschützt ginn, obwuel gëschter ganz däitlech gesot ginn ass, datt d'Schwéngspescht an der Belsch sech no Norden ausbreet. Et hofft een op d'Autobunn N7 an der Belsch, datt déi alles soll ofhalen.

Wann 2 Méint gebraucht ginn fir 8 km Drot op engem liichten Tracé ze bauen, da muss een sech Fro awer stellen, wéi laang et dauert fir de Rescht ca 130 km Drot laanscht Grenz mat der Belsch opzeriichten? Dofir huet nach keen e Plang. Absolut verantwortungslos vun eiser Regierung an de verantwortlechen Servicer.

Op Ufro vun de Leit vun Lénger a Kënzeg ob et eng Méiglechkeet gëtt fir Virschléi ze maachen den Tracé vum Drot ze änneren, ass vun der „Ponts et Chaussés" akzeptéiert ginn. Et géing eng E-Mail-Adress ageriicht, wou Leit sech kennen mellen. E Schrëtt an déi richteg Richtung wat Kommunikatioun mat den betraffenen Awunner ugeet. Mee a wiefern d'Propositiounen vun den Awunner och ëmgesat ginn, dat weess keen...

Dat ongutt Gefill, datt den Dossier „afrikanesch Schwéngspescht" vun den Ministeren Schneider an Dieschbourg op déi liicht Schëller geholl gëtt, bleift.

Besuergten Leit aus der Gemeng Kaerjeng

RTL.lu - Afrikanesch Schwéngspescht: Weider Kritik vum Michel Wolter um Zonk an un der Ministesch
RTl.lu - Kritik u Jeeër: Zanter 2014 wier op d'Gefor vun der Schwéngspescht higewise ginn
RTL.lu - Géint d'Schwéngspescht: Den 9 Kilometer laangen Zonk soll bis Mëtt Mee stoen
RTL.lu - Schwéngspescht: D'Arméi ass am Gaang, 9 Kilometer Zonk tëscht Lénger a Grass opzeriichten

Back to Top
CIM LOGO